Ech hu keng Zäit!

Gehetzt vun Zäitdrock a Pläng, gequëtscht an honnerte Rendez-Vous'en... gi mer Alles a kommen awer ni wierklech un. Ouni Paus si mer ënnerwee, permanent begleet vun engem Gefill eppes ze verpassen, ech mengen ech sinn net dat Eenzegt deen dat heiansdo esou empfënnt...
De Philosoph Alan Watts bréngt et op de Punkt: Mir liewen an enger Kultur déi komplett hypnotiséiert ass vun der Zäit-Illusioun an där de Moment am Elo an Hei just nach als kleng Trennlinn tëscht der iwwerdimensionaler Vergaangenheet an der wichteger Zukunft eis opsaugt... Mir hunn iergendwéi de Present verluer, eise Kapp ass voll mat Erënnerungen an Erwaardungen a mir verstinn einfach net dass et guer keng aner Zäit gëtt wéi déi an dësem Moment.
Hu mer de Kontakt mat der Realitéit verluer? Verwiessele mer do net d'Welt wéi se beschriwwen a gemooss gëtt, mat der Welt wéi se reell ass? Hu mer net eng ze vill iwwerdriwwe Faszinatioun fir Saachen wéi Nimm, Zuelen, Symboler, Zeeche, Konzepter an Iddien?
Fir dat richtegt Liewen, dat echt, bleift dacks keng Zäit. Dat muss waarden. Ech selwer maachen do och keng Ausnam. Dacks sprangen ech och an de Gedanken tëscht deem wat war a wat kéint sinn a lafe riets a lénks um momentanen Ablack einfach laanscht... souguer wann den Agenda elo net vollgepaakt ass mat Rendez-Vous'en. De Verstand dee verstréckt sech ëmmer nees a Begrëffer a Vergläicher a bleift ganz ongär am Moment hänken.
Ech mengen et gëtt awer nach e weidere Grond wisou mer d'Liewe "verpassen"... Eise fantastesche Wonsch festhalen ze wëlle, wat sech net festhale léisst... och do sot dee gescheite Philosoph dass mer andauernd alles opzeechnen, ophuelen an notéieren, wat mer als wesentlech méi wichteg empfannen wéi einfach en Evenement live geschéien ze loossen a mat z'erliewen... Déi Opzeechnunge sinn natierlech virun allem Fotoen... jo och do sinn ech mat schëlleg, ech maachen se nämlech och schrecklech gären. An awer wat vläicht nach iwwreg bleift vun engem bewosst erliefte Moment, enger Vakanz mat Frënn, e Spadséiergang duerch d'Natur, alles dat hale mer op Biller fest fir e puer Likes op Facebook oder Instagram. A wa mer eis d'Biller ukucken sinn se awer just nach eng Konserve e Liewen aus der Bécks...
Ok.. ech klauen iech elo net nach méi Zäit... well schliisslech klappt d'Zukunft grad nees un d'Dier...