Et soll een am Liewen net ze vill no hanne kucken. Mat enger positiver Liewensastellung d'Zukunft ugoen, da gesäit d'Welt direkt anescht aus. Wann dir awer elo zu den eelere Semester zielt, da kënnt dir och zefridden zréck kucken, mengt de Guy Seyler am Apropos vun haut.

Et ass eng Charakteristik vun de Senioren, sech an Erënnerungen ze verléieren. Et huet een Zäit fir e Bilan ze zéien. An dee misst fir meng Generatioun eigentlech ganz positiv ausfalen.

E Krich nëmme vum Héiere-Soen ze kennen, ass schonn en éischte positive Punkt. Iwwerdeems se der Generatioun vu mengem Papp hier schéinste Joren geklaut hunn, hat ech eng onbeschwéiert Jugend. Eis Fräizäit hu mir Bouwen am Bësch oder op der Gaass verbruecht. Wa mir heem komm sinn, da war d'Mamm do. D'Mamm war ëmmer do.
Heiansdo souz och d'Nopesch oder soss een aus dem Duerf an der Kichen ze klapen. D'Hausdier war ni gespaart, stoung fir jiddereen op. Dat war Facebook an de 50er Joren.

An der Schoul waren Disziplin, Fläiss an Uerdnung déi grouss Schlagwierder. D'Motivatioun, déi ee vun doheem agetriichtert krut, huet sech esou unhéieren: "Gëff dech drun, du solls et emol besser hunn!"

Besser hunn heescht hei: Net esou schwéier schaffe mussen wéi de Papp, a gläichzäiteg méi an der Paie hunn.

Fir de Kanner dat Ziel ze erméiglechen, hu vill Elteren sech selwer missten aschränken. De Kolléisch war net gratis. De Schoulwee laang an ëmständlech. Mee mat engem Diplom stoungen engem um Enn all Dieren op. Chômage gouf et praktesch net.

De Führerschäin an den éischten Auto waren déi nächst, wichteg Etappen.
Et goung ëmmer nëmme biergop. Eng Famill, en eegent Haus op enger net ze deierer   Bauplaz, eng sécher Aarbechtsplaz. De soziale Fortschrëtt huet eis ofgeséchert. Fridden a Wuelstand ware garantéiert. Alles war méiglech, villes erlaabt.

Haut kann een de Kanner de Saz "du solls et emol besser hunn, net méi soen." Hier Zukunft ass ongewëss. Onsécher derbäi. Si kréien et am Liewe vill méi schwéier. Op mat oder ouni Diplom. Kann ech duerfir wierklech en zefriddene Bilan zéien? Oder muss ech mir de Reproche maachen, datt meng Generatioun iwwert hier Verhältnisser gelieft huet. Op der Sich no Profit a Wuelstand hu mir de Respekt virun der Natur verléiert.
Wa mir déi Welt kucken, déi mir eise Kanner hannerloossen, dann hält de Houfert op d'Vergaangenheet sech a Grenzen.