D'Medailen an hir zwou Säiten

Wéi seet een esou schéin: all Medail huet zwou Säiten. Meeschtens ass gemengt, datt wann ee vun eppes mat Begeeschterung schwätzt, ee sech muss bewosst sinn, datt et och nach Nodeeler kann hunn oder mat sech bréngen. An dat geet och ëmgedréint. Eppes Negatives kann och ëmmer eng positiv Säit hunn, Christiane Kremer
Zwou Iwwerleeungen si mer déi Deeg esou an de Kapp komm. Bei der éischter geet et ëm dat berühmtent "Lassloossen" kënnen. Heescht: sech net "par force" un eppes festbäissen, wat vläicht geännert huet, wat net méi erwënscht ass, wat engem säint net méi ass oder wat einfach obsolet ass. Dacks bedréckt et ee just nach oder et hëlt engem d'Loft. "Da muss de lassloosse kënnen an dech fräimaachen", dat ass de gudde Rot, deen ee gär engem anere gëtt oder vun engem anere kritt.
Déi aner Iwwerleeung huet mat der Welt ze dinn an där mer eis ëmmer méi ophalen, där virtueller an där mer ronderëm surfen, eis informéieren oder austauschen. A wou der vill deen Austausch als Plattform benotzen fir, bewosst oder onbewosst, déi sougenannten "Fake-News" ze verbreeden oder och nach verbal anerer blesséieren a Meenunge vertrieden, mat deenen ee sech an engem "Face-à-face-Gespréich" net géif outen.
Mä wat hunn déi zwou Saachen mat der anerer Säit vun der Medail ze dinn? Ganz einfach, och hei gëtt et déi aner Facette, déi engem, je no Situatioun, vläicht déi besser Optioun gebueden huet.
Ze theoretesch? Ma dann e Beispill an zwar eent an dat selwecht fir béid Iwwerleeungen. An den däitsche Medien hunn ech d'Geschicht vum Norman gelies. E jonke Mann, deen den Ament an den USA als AuPair schafft an deen op Hellegowend ugefaangen huet iwwer twitter no sengem Papp ze sichen, vun deem en zënter méi wéi 8 Joer näischt héieren huet, mä awer weess, datt de Mann zu Hamburg op der Strooss lieft. Iwwer 20 000 Mol gouf säin Tweet gedeelt. D'Sich war laang, mä vrun e puer Deeg hu Papp a Bouf sech endlech erëmgesinn an an den Aarm geholl. En emotionale Moment, och wa kee weess, ob domadder d'Suerge vum Papp aus der Welt oder vun der Strooss sinn.
Fir op meng Ufanks-Gedanken ze kommen: Hätt den Norman lassgelooss, sou wéi et him sécher gerode gouf, an hätt en net iwwer d'Sozial Medien sou vill Hëllef an Ënnerstëtzung fonnt, wier seng Sich sécher am Sand verlaf.
D'Geschicht huet d'Ronn an de Medie gemaach, deene klasseschen an deene virtuellen. Den Zousproch an d'Matgefill ware grouss. Meeschtens! Leider sinn och Relatiounen an d'Bréch gaangen, eben well dem Norman säi Papp e "Strummert" ass. An da wiere mer awer nees op der anerer Säite vun der Medail.