Wou soll et dann hi goen? Neen, de Gibbes Bertolo ass a sengem Apropos vun haut net un Ärer nächster Vakanzendestinatioun interesséiert

Ech war dëst Joer net um Festival. Weess also och net, ob en ëmmer nach serieméisseg zum Basis-Equipement vun all Auto gehéiert oder ob en neierdéngs als Optioun ze kréien ass. Oder sinn déi nei Gefierer ieren esou konzipéiert, datt en ewell komplett iwwerflësseg ginn ass? Net auszedenken, wa se dat am Code de la route geännert hätten, an ech krut et mol net mat.

Allez, de Geck an den Eck. Och wa Fuesméindeg ass. An ech soen Iech och mol mat wat oder wiem ech mech elo hei hat. Dir kennt e bestëmmt, well och Dir hutt een. Neen, zwee. Wat soen ech: Véier! Riets, lénks, hannen, vir.
Normalerweis ass et entweder oder: Riets oder lénks. Am Noutfall schaffen se alle véier zesummen. Oder wann der deem hannendru wëllt kuerz Merci soen. Wann. Iwwerhaapt, esou ass mol mäin Androck, benotzen der vill en nëmmen dann, wa se Loscht hunn. Wa se vläicht drun denken, wann et grad passt, wann et net ze ëmständlech ass, wann et wierklech net anescht geet.

Mä, ech mierken: ech sinn am Gaang komplett de Fuedem ze verléieren. Fir net ze soen: ech béien of. An dat ouni de Fuerrichtungsuweiser ze benotzen. Jo, e ganz ellent Wuert. Dat gëtt et jo och guer net. Awer ... Winker? Schonn mol héieren, gell? Dee gëtt et wierklech. An ëmmer nach. Just fir déi, déi elo ganz erstaunt kucken:
Dir fannt en am Prinzip lénks nieft der Renkel. Wann der elo ënnerwee sidd, an Dir wëllt d'Spuer wiesselen, iwwerhuelen, an eng Niewestrooss erafueren, de Kreesverkéier verloossen, oder, oder, oder … : eng kleng Handbeweegung, no ënne fir lénks, no uewe fir riets, méi ass et net. An da blénken déi orange Luuchten vir an hanne gläichzäiteg. A se ginn och nach vum selwen nees aus. Et ass wierklech net komplizéiert. Probéiert et dach emol. Dir wäert gesinn: ob eemol kritt der nach Freed drun. A gedeelte Freed ass duebel Freed. Am Viraus: en décke Merci vun all deenen, déi et scho méi laang maachen.