Schnéi ... leise rieselt der Schnee

An der leschter Zäit huet et jo puer Mol geschneit, wat besonnesch fir d’Kanner eng Freed ass, awer net nëmme fir si. Des Freed kann awer net jiddereen an och net zu all Ament deelen. D’Sandra Mélan huet sech Gedanken driwwer gemaach.
Wann et geschneit huet, dann ass et fir d’Kanner eng risegrouss Freed fir dobaussen ze spillen. Mat de richtege Kleeder geet et da eraus an de Schnéi fir e Schnéimann ze bauen, fir eng Schnéiballschluecht ze maachen oder wann et genuch geschneit huet, fir mam Schlitt ze fueren. E positiven Nieweneffekt ass dann, datt d’Kanner sech an der frëscher Loft ophalen.
Déi Erwuessen ënnert eis kënnen sech bestëmmt drun erënneren, wéi dat war wéi mir kleng waren an am Schnéi gespillt hunn. Déi Amenter hunn gréisstendeels positiv Andréck hannerlooss. Do brauch e just drun ze denken, wann een dem Schnéimännchen eng Wuerzel an d’Gesicht gestach huet oder en Hutt opgedoen huet an duerno stolz iwwer säin eegent Wierk war.
Wann e moies duerch d’Fënster op eng verschneite Landschaft kuckt, wann een mat de Kanner am Schnéi spillt oder wann een an de Wantersport fiert, kann de Schnéi och vill Léit glécklech maachen.
Sécherlech ass de Schnéi aus der Sicht vun den Automobilisten éischter e Problem wei eng Freed. Et brauch e just un déi glat Stroossen ze denken, un déi getéitschten Autoen an un d’Stauen déi dann nach méi grouss sinn. Wann de Schnéi da Sonndes fält, dann bleift de Chaos awer aus.
Natierlech soll ee bei Schnéi nach besser op der Strooss oppassen wéi soss. Et soll awer net sou sinn, wei bei dem Witz mat den zwou Schnéiflacken, wou déi eng déi aner freet wou si dann elo hi geet a wou d’Äntwert dann ass, datt se wëlles huet zu Lëtzebuerg Panik ze verbreeden.