Waffestëllstand?

Wéi d'Christiane Kremer seng Iddi fir den Apropos vun haut hat, wousst et nach net datt d'Thema, dat et sech gesicht huet, nach iwwer Nuecht eng traureg Aktualitéit krit.
D'Aktualitéit kënnt aus Florida, aus enger Schoul, wou bei enger Schéisserei nees jonk Mënschen ëmkomm sinn. Net fir d'éischt an den USA a wuel och net fir d'lescht. An net fir d'éischt gëtt an den USA elo nees iwwer méi e strengt Waffegesetz diskutéiert a wahrscheinlech och net fir d'lescht. D'Thema Waffen ass jo eent, dat déi Natioun ëmmer nees spléckt. Do ginn et déi, déi fannen, datt se sech musse selwer schütze kënne géint dat Béist an dofir e Revolver oder anert Schéissgeschir brauchen - den ale Western-Charme hält nach ëmmer. An do ginn et déi, déi fannen, datt grad just de Fait, datt een esou einfach u Waffe kënnt, ëmmer nei Gewalt ausléist.
Meng Basis-Iddi fir dat Thema unzepaken, ass mer awer an de Kapp komm, wéi ech gëschter en Artikel gelies hunn iwwer d'Faillite vun der Waffefirma Remington. Do reagéiert ee jo spontan an denkt sech: wann et der Waffenindustrie lo op eemol schlecht geet, dann ass den Hype an de Wahn eng Waff ze hunn vläicht amgaangen ofzeschwächen. Eng Aart Waffestëllstand also?
Mä nom éischten Androck, dréckt dann awer eng aner Realitéit duerch: datt Remington an iwwregens och Smith and Wesson Problemer hunn a Colt souguer och schonn emol insolvent war, huet eng besonnesch economesch Note. Ënner dem Donald Trump senger Presidence ginn den Ament tatsächlech manner Waffe verkaaft, wuel net well de Mann elo Pazifist spillt, mä ganz einfach well sech gesot gëtt: sou laang den Trump do ass, gëtt et kee méi e strengt Gesetz an deemno muss ech mech dann och net fläissen fir nach séier sou eng Schéiss ze kafen. Beim Trump-Virgänger Obama war et just ëmgedréint. Do houng et ëmmer an der Loft, datt deen d'Waffegesetz géif verschäerfen, an deemno gouf nach séier akaaft. Bal sou eppes wéi Hamster-Waffe-Keef.
Eigentlech eng paradox Situatioun an et misst ee jo bal derbäi grinsen, wier d'Situatioun net esou eescht. D'Firma Remington vun 1816 war scho vru Joren opkaaft ginn, ass awer ëmmer nees an d'Scholde gerutscht, well Gewierer defekt waren a well se wéinst engem Massaker an enger Schoul 2012 verklot gi war.
An do si mer dann nees bei der traureger Florida-Aktualitéit vun hënt: an esou geet dann de Schoss no hanne lass. An deen ass, wéi all Schoss, een ze vill.