E koreanescht Wantermäerchen?

Kënne Märercher wouer ginn? Déi Fro stellt sech d'Bea Kneip am Apropos vun haut.
Olympesch Spiller zéien op eng ganz besonnesch Manéier d'Opmierksamkeet vun der Welt op sech. Zum enge sécher well se eng Plattform fir ganz verschidde Sportaarte bidden, bekannter a manner bekannter, déi een dacks just all véier Joer emol wierklech ze gesi kritt. Zum aneren awer natierlech wéinst der olympescher Iddi, Jonker aus der ganzer Welt déi sech an engem friddleche Wettsträit moossen. Fridden: den olympesche Fridden war en zentralen Aspekt vun den antiken olympesche Spiller, e Waffestëllstand den en ongestéierten Oflaf sollt garantéieren. Schonn deemools gouf dee Waffestëllstand net ëmmer agehalen, an och an der Neizäit ginn et méi wéi genuch Beispiller vu Kricher a Konflikter déi hire Schiet iwwert déi olympesch Flam gehäit hunn. Et ginn awer och aner Beispiller, eent dovun den Amarsch vun enger vereenter koreanescher Equipe bei der Erëffnungszeremonie zu Pyeongchang den 9te Februar. En héich emotionale Moment den d'ganz Welt materliewen duerft. Oder villäicht och materliewe sollt? E bëssen iwwerraschend ass et schonn, dass no dem ganze Säbelgerassels vun de leschte Joren op eemol nees matenee geschwat gëtt. Huet do tatsächlech den olympesche Geescht seng Fangeren am Spill? Dat wier natierlech groussaarteg an den allerschéinste Kaddo den Olympia der Welt maache kéint. Oder ass dat ganzt ieren éischter eng gutt geplangte PR Aktioun? Eent ass sécher, D'Kim Yo Jong, d'Schwëster vum nordkoreanesche Staatschef huet dem amerikanesche Vizepräsident Mike Pence bei der Erëffnungszeremonie d'Show geklaut. Zemol duerch déi Invitatioun déi si am Numm vun hirem Brudder un de südkoreanesche Präsident weiderginn huet. Ob et zu esou enger Renconter komme wäert, et däerf ee gespaant sinn. Op alle Fall ass dat do Diplomatie um héchsten Niveau. Wat déi ganz normal Koreaner, aus dem Süden an aus dem Norden, doriwwer denken ass sécher eng ganz aner Saach. Wahrscheinlech géifen si sech einfach just freeën, wann et zu enger Normaliséierung a villäicht souguer zu engem dauerhafte Fridden tëscht hiren 2 Länner komme géif. An dat wier wierklech e koreanescht Wantermäerchen.