Koalitiounskrämpercher

D’Groko an Däitschland wäert sech jo elo wuel geschwë mat vill Krämpes forméieren an änlech, politesch Schwéiergebuerte goufen et jo och scho soss uechter Europa an an der ganzer Welt. De Camille Ney mécht sech zu dese „Koalitiounskrämpercher“ esou seng Gedanken…
Et brauch ee keen Hellseeër ze sinn, fir elo schonn ze wësse, wéi d’Wale vum 14. Oktober heiheem wäerten ausgoen: d’Leit wiele Leit ass en Trend, dee wuel net méi ze stoppen ass. Deels well si weder Loscht nach Zäit hu fir sech mat den eenzele Parteiprogrammer ze beschäftegen, deels well si verschidde Kandidate kennen oder d’Foto ass hinnen einfach nëmme sympatesch. Oder déi eenzel Leit kommen eventuell eng Kéier a Fro fir hinnen eppes an d’Rei ze maachen. Do spillt d’Parteifaarf da keng Roll! Wann een dat weess, da kann een sech elo also schonn zesummereimen, dass eis politesch Landschaft duerch de Panachage sécher nach méi an d’Breet gezu gëtt an et och bei eis an Zukunft méi schwéier wäert ginn, stabil Koalitiounen op d‘Been ze stellen.
Dat virausgeschéckt: Wat hu Leit ewéi Jean-Claude Juncker, Pierre Gramegna, Nicolas Schmit, Martine Hansen oder Etienne Schneider gemeinsam? Richteg – si koumen alleguer net iwwer dee gewielte Wee an d’Regierung, mee goufe souzesoen, vu bausse kooptéiert. Wat seet eis dat? Dat seet eis, dass mir déi néideg Fachkompetenz fir déi verschidde Ressorten net onbedéngt iwwer dee gewielte Wee a scho guer net mat eisen ominöse regionale Bezierker am klenge Lëtzebuerg fannen. A wann ee muss ersat ginn, da stellt ee fest, dass deen, deen noréckelt, net onbedéngt deem gesichte Profil entsprécht. Wat wier also d’Léisung? Lëtzebuerg bräicht a sech, esou wéi eng erfollegräich Firma an ouni Récksiicht op Parteikaarten, e gudde Conseil d’Administration, just besat mat deene Beschten, déi d’Land huet, an dat an all Beräich – änlech wéi am Staatsrot. A wann een et do net bréngt oder keng Loscht méi huet, kann en ersat ginn, ouni direkt eng Regierungskris mat sech ze zéien. Jo, duerfir muss d’Verfassung geännert ginn.
Eent steet elo scho fest: nom 14.10. kréie mir eng nei Regierung, déi dann och alt nees 6 Méint brauch fir sech an all Dossier anzeschaffe – verlueren Zäit! An da sinn och nees e puer vun eise Beschten entweder fir 5 Joer an der haarder Oppositioun, woufir se a sech ze schued sinn, oder si recycléieren sech am Privatsecteur, wou et sécher méi fir si ze verdénge gëtt, wéi an der Politik! Mee vläicht gesinn ech dat jo och alles e bëssen einfach a meng Iddi ass sécher nach net ausgeräift, mee wéi sot schonn den Churchill: Änneren huet näischt Negatives, wann et an déi richteg Richtung geet…
Dat eleng war dach schon eng Iwwerleeung als Rezept fir déi Koalitiounskrämpercher wäert! An Dir wësst jo: Zu Risiken und Nebenwirkungen…