Gedanken

A sengem Apropos vun haut mécht de Yann Logelin sech seng Gedanken zu Gedanken:
Et ass eng Zuel, déi mer virun enger Zäitche beim Surfen um Internet opgefall war an déi ech eng Kéier méi am Detail gegoogelt hunn, oder awer ze wëssen ob déi Etüden an Informatiounen, déi de World Wide Web mer duerno erausgepucht huet, och wierklech alleguerte fir boer Mënz ze huele sinn, oder net.
Mä ech hat eng Etüd gelies, déi sech mat de Gedanke beschäftegt, déi eis als Mënsch all Dag esou duerch de Kapp ginn. Dat sinn der anscheinend, ech hu se selwer bei mir bis ewell nach net kënnen zielen, eng 60000 den Dag.
En enorm Zuel! Eng Zuel, déi an der Etüd, déi ech gelies hunn, awer relativéiert ginn ass. Grad emol 3% vun deene Gedanken, déi mer am Dag esou denken, bauen eis op, motivéieren eis, ginn eis Selbstvertrauen a Bestätegung. Dat sinn der just ronn 3000 vun de 60000.
E Véierel vun eise Gedanke sinn der déi eis selwer oder anere schuede kënnen. 15000 Iwwerleeungen ewéi: Ech sinn domm. Ech kann dat souwisou net an Ähnleches.
An déi aner 72% si net wierklech wichteg, beaflossen eis an eist Liewen awer all Dag. Dat sinn der dann nom Motto. Chic... Ah, wéi gutt dass d'Sonn schéngt... oder soll ech net awer e Glas Waasser drénken?
Gedanken, déi wichteg sinn an eis zu deem maache wat mer schlussendlech all Dag op en Neits sinn. Bei 60000 Gedanken den Dag dierft d'Fro awer erlaabt sinn, ob mer d'Denken net awer heiansdo e bësse reduzéiere sollten? Getrei nom Motto: Manner ass méi! Da géife sécher manner Topegkeeten all Dag op eiser Welt passéieren.