Et soll een net ëmmer alles fir boer Mënz huelen, wat een esou liest an héiert. Et soll ee roueg emol nofroen a vrun allem och nokucken, vu wou dat, wat een do matgedeelt kritt, hierkënnt. Mä heiansdo kann d'Skepsis och iwwerdreiwen.

Besonnesch an Zäiten vun Internet huet ee geléiert seng Sourcen z'iwwerpréiwen oder eng Informatioun, déi een anzwousch fonnt huet, nach emol op engem anere Site nozesichen. Eng gutt a wichteg Eegenschaft sech net blann op dat éischt ze verloossen, wat engem zerwéiert gëtt. Wat bei wäitem awer net heescht, datt een ëmmer muss vum Prinzip ausgoen, datt eppes net stëmmt. Datt alles emol vu vir era Fake-News ass. Besonnesch, wann engem den Inhalt net an den eegene Krom passt.
Ech gi jidderengem Recht, dee sech d'Méi mécht sech grëndlech z'informéieren fir sech net uschmieren ze loossen.
Ech ginn awer och traureg, wann ech liesen, datt dacks vu vir eran alles ugezweiwelt gëtt. Rezent Beispill: D'Nouvelle iwwer den Tram, deen duebel esou vill Leit transportéiert, wéi erwaart.
Fir mech war déi éischt Reaktioun: O, tatsächlech? Natierlech sinn ech mer och d'Erklärungen dovunner siche gaangen. An dono hunn ech probéiert d'Comments ze liesen, besonnesch, well dat Thema Tram jo esou d'Gemidder erhëtzt. An dat schonn esou laang: wéi mer en nach haten, wéi mer en net méi haten, wéi mer en erëm wollten hunn, an dunn awer net, an dunn trotzdem erëm an elo wou mer en hunn... Je- eng neverending Story. An dat wat ech gelies hunn, hat ech mer bal erwaart, och wann ech mer et net wollt virstellen. Natierlech ginn d'Zuelen ugezweiwelt, och wann ee kann novollzéien, wou se hierkommen. Ëmmerhin huet all Zweeten, dee kommentéiert, nach ni e vollen Tram gesinn an der Stad. An dann ass e jo just voll, well elo d'Bussen net méi duerfen dohinner fueren oder well een en elo "muss" huelen.
Ech hätt et och komesch fonnt, esou e Gefier op d'Schinnen ze setzen, wann een dann ouni Problem derlaanscht komm wier an näischt geännert hätt.
Déi selwecht Diskussioun wéi den Tram, gouf et virdrun fir déi vill Duebel-Busser. Déi hënnere just an der Stad an um 10 Auer moies sëtzt, ausser dem Chauffeur, keen dran, hunn ech alt a Gespréicher matkritt. Datt se moies an owes iwwerfëllt sinn, Busser an Tram, schéngt keen Argument wäert ze sinn. Et gesäit een eben nëmmen dat, wat ee wëll gesinn. An dofir gleeft een och nëmmen dat, wat ee wëll gleewen. Dat ass jidderengem säi gutt Recht.
Eidel Bussen, eidel Tramen, ech muss soen, datt mir och ëmmer erëm Schlaange voll Autoen opfalen, déi eidel sinn. Ausser dem Chauffeur sëtzt keen dran.
An ier der kommentéiert: Jo och ech ziele mech op verschiddenen Deeg zu deene mat dem eidelen Auto, an op aneren zu deenen an den iwwerfëllte Bussen. Et ass ëmmer, wéi een et grad gesäit.

AUDIO: Apropos: Eidel Zuelen?