Fir Fraen ass Kleeder kafen eng vun de léifste Fräizäitbeschäftegungen, fir Männer ass et éischter eng Plo. Frae kënne stonnelaang kucken, probéieren, kombinéieren. Männer hunn dat net. Am Apropos vun haut geet de Guy Seyler dësem Ënnerscheed op de Fong.

AUDIO: 28/02/2018 Apropos akafen

Wann de Mann doheem gesot kritt, et wier Zäit, datt hien sech en neit Hiem oder eng nei Box soll kafen, dann huet hie meeschtens nach gutt Zäit. Well esou néideg, wéi seng Fra seet, ass et guer net.
Wann et awer bis esou wäit ass, da geet et féx. Hie weess genee, wat hie wëllt a wou en dat kritt. E kuerze Bléck, dat do ass et. Bezuelt a fort.

Bei de Fraen ass dat ganz anescht. Eng Etüd huet gewisen, datt sie 3 Joer vun hirem Liewen dermat verbréngen, sech schéi Saachen ze kafen. 40% vun de Frae gi laut dëser Etüd reegelméisseg shoppen, obwuel si guer näischt brauchen.

Fir de Mann ass shoppen ähnlech interessant wéi eng Visite beim Zänndokter. Britesch Fuerscher hunn an der Chrëschtzäit Männer mat Sensoren ausgerëscht a si du an d’Gewulls vun de Geschäfter geschéckt. 70 % vun den Testpersoune ware séier nervlech um Enn. De Stressniveau war ähnlech wéi bei Kampfpiloten oder bei Polizisten op engem geféierlechen Asaz.

Dësen Ënnerscheed ass – wann een et wëssenschaftlech kuckt - e Relikt aus där Zäit, wéi d’Mënschen nach an Hiele gewunnt hunn.

De Mann ass op d’Juegd gaange mat engem ganz fixen Ziel. Hat hien dat mat Erfolleg erleedegt, goung et stuerstracks heem. Et gouf keng Zäit verbëtzt.

D’Fra war eng Sammlerin. Si ass einfach drop lass gaangen, huet  - frou a lëschteg  - mol hei eppes gepléckt an do eppes opgeraf. All Méigleches gouf gesammelt, wat der Famill kënnt Freed maachen.
Dat explizéiert, firwat Männer nach haut mam Fokus op e kloert Ziel akafen, d’Fraen sech op hirer Shoppingtour ëmmer erëm nei inspiréiere loossen.

Et gouf och festgestallt, datt ängschtlech Charakteren e gréissere Kafzwang entwéckelen. Wien ënner Stress an Depressioune leid, esou soen d’Fuerscher, dee benotzt de Shopping, fir sech ofzelenken.

„Ech ginn elo an d’Stad a kafe mir eppes géint Halswéi, Schong oder esou.“ Dee Sproch ass net ganz aus der Loft gegraff.

Wéi ënnerschiddlech d’Begeeschterung beim Akafen tëschent béide Geschlechter ass, huet den Amerikaner Matt Stroud am Bild festgehal.

Säin Instagram-Account heescht „ Miserable Men“ a weist Männer, déi gelangweilt an driibseg am Geschäft op hier Fra waarden. Hier Fra, déi nach kuerz eppes uprobéiert.
Iwwregens: D’Chancen, datt eng Fra, déi Strëmp wëllt kafen, och nëmme mat Strëmp heem kënnt, stinn 1 zu enger Milliard.