Mënscheverstand a Fangerspëtzegefill

Eng 150 Taaschtrezeptoren op engem Quadratzentimeter: an eise Fangerspëtze stécht vill Gefill.
D'Koppe vun eise Fangeren, déi Plaze vum Kierper wou een am meeschte spieren a fille kann. Vu hinnen aus geet de Message erop an de Kapp wou dann decidéiert gëtt ob een eppes als haart, mëll, kal, waarm, rau, douce, glat, dréchen, naass oder soss iergendwéi empfënnt.
Fangerspëtzegefill ass deemno eppes, wat jidderee vun eis huet. An ech fannen, datt mer net dacks genuch dovunner profitéieren. Dir wësst vu wéi engem Fangerspëtzegefill ech hei schwätzen: dat feint Gespier dofir, wéi eppes soll gemaach ginn, wéi ee sech soll verhalen. D'Fähegkeet, dee richtegen Toun ze treffen an a kriddelege Momenter déi gutt Decisioun ze huelen.
U sech also eng Saach vum gesonde Mënscheverstand. Mä och deen ass net bei jidderengem a gläichem Mooss entwéckelt. Vläit musse mer dowéinst ëmmer nees nei Regelen a Gesetzer erfannen déi eis kloer Grenzen opweisen. Déi eis dee Moment d'Taktgefill an d'Afillungsverméigen ofhuelen well et jo elo eng kloer Linn, e präzisen Unhaltspunkt gëtt.
Mä, wéi sot mol eng Kéier e gescheite Kapp: Theorie a Praxis sinn eens ewéi Leif a Séil, a Leif a Séil streiden nun mol dacks mateneen. Heiansdo ass et eben net Jo oder Neen, Schwaarz oder Wäiss. An heiansdo beweegt ee sech bei der Regelausleeung op dënnem Äis. Da gëtt et Zäit fir datt eis Koppel an Aktioun trëtt: Mënscheverstand a Fangerspëtzegefill. Doheem, op der Schaff, am Auto, um Footballsterrain. De Wëllen, sech an en aneren oder deem seng Situatioun eran ze versetzen, e bësschen eppes vun deem anere senger Welt wëllen ze verstoen. Dat setzt viraus, datt een dann och eng Grëtz vu sengem Ego opgëtt a sech dofir déi néideg Zäit hëlt. Jo, dee raren Artikel “Zäit”.
Geschwënn hu mer de Wanter hannerun eis, da kritt jo kee méi den Neelchen an d'Fangeren. De Wee ass fräi fir Fréijoersfangerspëtzegefiller. Elleng dee Gedanken deet scho gutt bis an déi déck Zéif.