Dat war d'Iwwerschrëft vun engem Presse-Artikel fir déi rezent Situatioun am syresche Biergerkrich ze beschreiwen. Obwuel mat Wierder beschreiwen, geet am Fong guer net, fir erëm ze ginn wat do ënnen, vun eis gesinn, lass ass!

Den Albdram war och ni eriwwer, och wann een net méi sou vill gelies oder gesinn huet an der lescht; a Syrien ass nach ëmmer Krich. Zanter 2011!
Ech ginn och zou, ech paken et dacks net fir weider driwwer ze lauschteren oder eppes no ze sichen. Mä da schummen ech mech, well ech dann d'Gefill hunn, ech géif déi Mënschen am Leed eleng loossen a mech net fir si interesséieren. Obwuel wat kann ech maachen, fir dass d'Leed vun deene Mënschen dohannen op en Enn geet? A fir dass endlech kee Krich méi ass?

Et heescht d'Verwéckelung vu all deene Muechten vu baussen a Syrien, wier d'Hürd fir dëse Biergerkrich gestoppt ze kréien; well dës Staaten suerge géifen, dass mat weiderem Geld, weidere Munitiounen a Waffen an och weidere Mënschen de Krich net ophält. Wien ass dee Baschar al-Assad, wat ass mat deene russeschen an amerikaneschen Interêten, wat ass mat dem IS, Al-Kaida a firwat déi Attacken elo vun der Tierkei a Syrien? Ech hunn den Iwwerbléck verluer, well ech och net weess wat ech gleewe kann a wat net.

Ma amplaz vill wichteg Mënschen an der Politik oder a soss Positiounen schwätzen ze loossen, misst ee d'Wuert mol anere Mënschen ginn: All deenen, déi eng Gëftgasattack iwwerlieft hunn; deenen hiert Haus mat Rakéite beschoss gouf an iwwert hinnen zesummegebrach ass; deenen, déi geflücht sinn oder leider net geflücht sinn; deene Mammen a Pappen, déi hir Kanner gesinn hu stierwen, oder de Kanner, deenen hir Eltere virun hiren Ae gekäppt goufen; all deene Mannerjäregen, déi eleng an engem Flüchtlingscamp sëtzen; deenen Mënschen, déi als Geisel geholl goufen, vergewaltegt a gefoltert goufen, näischt méi ze iessen an ze drénken hunn oder soss knapp dem Doud entkomm sinn.
D'Vereenten Natiounen soen, dass bis Abrëll 2016, 400.000 Mënschen ëmkomm wieren a ronn 12 Millioune Syrer op der Flucht sinn, bannent Syrien a vill baussent dem Land.
 
Dat si just Zuelen, hannert all deenen steet en Drama... en Albdram, deen ni, och wann de Krich mol sollt eriwwer sinn, ophält.