Smalltalk ass dat neit Wuert, egal wou ee grad ass, beim Sport, an der Sauna, am Büro, oder op iergendenger Party.... Iwwerflächlechkeet ass in... Ass dat wierklech gutt? En Apropos vum Michèle Schons

Smalltalk

An? Wéi geet et Dir?
Merci, gutt an dir?
Jo och gutt. Schéin dass mer mol erëm matenee geschnësst hunn.
Jo fannen ech och...

Richtegen Interessi? Awer kee Fatz! Do froen ech mech... Wéini hu mer eigentlech de wierklechen Interessi unenee verluer?
Amplaz sech wierklech mat de Leit aus dem eegenen Ëmfeld ze beschäftegen, gëtt d'Iwwerflächlechkeet gelieft. Mat eidelen Schwätzblosen trëppele mer vu Gespréich zu Gespréich, am Business, am Privatliewen, dat läit am Trend. Dobäi ass et dach awer vill méi schéin de Géigeniwwer mol fir boer Mënz ze huelen an sech fir de Mënsch bannendran z'interesséieren...
Natierlech kënnt der mer elo äntweren: Wat geet mech da mäin Noper un, oder et geet dach duer wann ech vum Kolleg nëmmen dat Néidegst weess, ech si schliisslech keen Therapeut.
Kloer geet dat duer. Et kann ee roueg säi Liewen ouni Problemer esou virufueren, sech iwwer den alldeegleche Genoss vu Gespréicher iwwer Banalitéiten an iwwert d'Wieder freeën. Mee ass dat wierklech genuch?
Wär net genee elo eng gutt Méiglechkeet fir déi Iwwerflächlechkeet hannerun sech ze loossen? Emol géint de Stroum ze schwammen an déi Leit lénks leien ze loossen, déi der Welt an domat och sech selwer virmaache mat hirem Ëmfeld wierklech verbonnen ze sinn?
Well Fakt ass, Mënschen déi wierklech verbonne sinn, déi schwätzen iwwert dat wat se beweegt. Wa richtegen Interessi do ass, dann entsteet e Kenneléieren an souguer richteg Frëndschaften.   
Kee gëtt forcéiert déi selwecht Meenung ze deelen, déi de Gespréichspartner huet, ma et kann een sech dermat ausenaner setzen an eng aner Perspektive op Saache kréien, allerdéngs fonctionnéiert dat just mat reellem Interessi. E Plus: Hei gëtt een net nëmmen eppes iwwert de Géigeniwwer gewuer, ma och iwwert sech selwer.  
Dat heescht och elo net, dass een sech am Trapenhaus op d'Lauer soll leeën an op den Noper waart, oder de Kolleg bei der Kaffismaschinn ausquëtscht, dass deen eis méi iwwert säi Privatliewe verzielt. Mee wann een sech mat engem ënnerhält, kann een d'Konversatioun dach och mol einfach méi subtil ugoen. Eppes iwwert iech selwer präisginn, wat ass Iech grad wichteg? Wat beweegt Iech?
Awer oppassen: Ween d'Iwwerflächlechkeet a munche Situatiounen Ad Acta leet, dee léiert de Géigeniwwer och besser kennen, wat och ëmmer doraus entsteet et ass anescht. Nei. Méi spannend a méi interessant. Dat heescht esouwuel déi gutt Säite wéi och déi schlecht. Mee dat mécht eis Mënschen dach um Enn authentesch a credibel an dat ass wesentlech méi sexy wéi Smalltalk.