An der Nuecht op e Sonndeg ass et nees esou wäit. D'Auer gëtt eng Stonn no vir op d'Summerzäit geréckelt. En Apropos dozou vum Yann Logelin:

AUDIO: 20/03/2018 Apropos: Wanterzäit a Summerzäit

Ganz éierlech. Ech freeë mech op d'Summerzäit. Net just wéinst dem méi waarme Wieder, wat dann iergendwann eng Kéier kënnt, mä virun allem well et dann owes endlech nees méi laang hell ass.

Am Allgemenge schéngt d'Zäitëmstellung, déi no der Pëtrolskris an den 1970er fir d'éischt vu Frankräich, an duerno vun der ganzer europäescher Gemeinschaft, agefouert gouf, awer net méi den allerbeschte Ruff ze hunn. De But domat Energie ze spuere gëtt, wann iwwerhaapt, just marginal erreecht an och wa vill Aueren, ewéi déi um Computer, dem Handy oder dem Tablett, sech ewell selwer ëmstellen, esou muss een awer eng ganz Rei aner Aueren nach mat der Hand réckelen. Dat gëllt zemools fir déi Aueren un de Kichenapparater, déi duerch d'Frequenzschwankungen am europäesche Stroumnetz an de leschte Woche souwisou schonn aus dem Takt gerode sinn.

Et ass awer op alle Fall e Sujet iwwert dee sech fantastesch diskutéiere léisst. Déi meescht sinn net wierklech waarm fir d'Réckele vun der Auer, mä wa mer dat Geréckels zwee Mol am Joer ofschafen, da misste mer theoretesch dat ganzt Joer no der mëtteleuropäescher Zäit fueren. Da géif d'Sonn den nächste 16. a 17. Juni, dat sinn déi Deeg dëst Joer wou se am fréisten opgeet, net eréischt ëm 5h28, mä schonn ëm 4h28 opgoen. Ganz éierlech, wien hätt eppes dovunner?

Genee dat ass och de Sujet vun der Petitioun 967, déi een aktuell um Internetsite vun der Chamber ënnerschreiwen däerf. Hei gëtt allerdéngs proposéiert d'Wanterzäit, also déi richteg mëtteleuropäesch Zäit dauerhaft ofzeschafen. Als Beispill gëtt heifir d'Tierkei uginn, wou d'Summerzäit elo schonn dat ganzt Joer duerch gëllt.

Esou en Experiment hu se a Russland schonn hannert sech. Do gëllt zënter Oktober 2014 nees déi normal Zäit, well d'Russe festgestallt hunn, dass d'Summerzäit virun allem am Wanter hir Nodeeler huet, wann et moies einfach net wëll hell ginn, wat anscheinend zu nach méi Wanterblues féiere kann, ewéi een e souwisou schonn an der däischterer Joreszäit ka kréien.

Dat wier och bei eis de Fall! Enn Dezember/Uganks Januar géif, wann deen Ament nach d'Summerzäit aktiv wier, d'Sonn eréischt géint hallwer 10 moies opgoen an owes wier se awer viru 6 Auer nees ënnergaangen.

Bis 2022 ass de Roulement tëscht Summer- a Wanterzäit iwwer „Règlement Grand-Ducal“ gereegelt an dierft virun esou gëlle wéi en definéiert ass. Fir mech dierf et se duerno och nach ginn, well esou grouss ass den Jetlag net, deen een duerch déi eng Stonn kritt, oder?