Lescht Woch ass de Steven Hawking gestuerwen, en impressionanten a markante Mënsch a Wëssenschaftler, deen ee beréiert huet. Och wann ee kee Physik-Genie ass. D'Christiane Kremer huet sech fir e puer vun den intressanten net-wëssenschaftlechen Aussoen vum Physiker intresséiert.

Et ass sécher an de leschten Deeg esou vill iwwer de Stephen Hawking gesot ginn, datt ech elo Gefor lafen just Widderhuelungen ze bréngen. Iwwer schwaarz Lächer an hir Stralen wëll ech och wierklech net schwätzen, well do riskéieren ech mech dran ze verléieren. Physik war definitiv net mäi Liiblingsfach, mä souguer dat Eenzegt datt mer eemol en onfräiwëllegen No-Examen abruecht huet. Mä ech wollt elo net aus der Schoul schwätzen, obwuel, wéi ech fir deen No-Exame gebéchst hunn, hat de Stephen Hawking seng Schwaarz-Lächer-Theorie schonn an d'Welt an aner Physiker un d'Verzweifele bruecht.

Och iwwert den Hawking a seng Krankheet wëll ech net schwätzen. Datt hie sech schonn als jonke Mann huet missen mat der Diagnos ALS an den Dokteren hirer Ausso, e géif just nach e puer Joer liewen, ausenanersetzen, ass gewosst. Datt och dat sengem Genie a senger Popularitéit näischt geschuet huet, och.

Intressant sinn dogéint e puer Aussoen, déi de Mënsch oder Mann Stephen Hawking gemaach huet. Trotz all Genie huet hien et fäerdeg bruecht mat einfache Sätz och déi Leit z'erreechen, déi intellektuell net op senger Héicht waren. An dat schwätzt fir mech vun engem wierklech grousse Geescht. Wann en och physesch quasi a sengem Kierper agespaart war, huet en dat mental awer ni zougelooss. Hie war souzesoe bei de Leit, war sech net ze schued och an Tëlees-Serien wéi "Simpsons", "Star Trek" oder "Big Bang Theory" opzetrieden a seng Messagen a seng Begeeschterung fir d'Science Fiction ze weisen. Op Froen, wëssenschaftlech oder net, huet e mat Empathie a vill Humor geäntwert. "D'Liewe wär tragesch, wann et net lëschteg wär", sou eent vu senge villen Zitater. An déi selwecht Kategorie passt: "Ech hu keng Angscht virum Doud, mä ech sinn awer och net extra presséiert." Datt d'Fraen dat gréisst Rätsel fir e waren, sou eng vu senge witzegen Äntwerten, huelen ech em net iwwel, mä gesinn et éischter als Kompliment. Well Rätselen erhalen de Virwëtz an d'Loscht um Weiderdenken a Weiderkommen.

Seng Loscht ëmmer nach ze fuerschen an eppes gewuer ze ginn, iwwer den Universum, iwwer d'Liewen, iwwer de Mënsch huet de Stephen Hawking waakreg gehalen. Dee gesonde Virwëtz huet en an dësem Message fir säin 75. Gebuertsdag lescht Joer matgedeelt:
"Denkt drun an d'Luucht no de Stären ze kucken an net op de Buedem no de Féiss. Egal wéi schwéier d'Liewen och ass, et gëtt ëmmer eppes, wat Dir kënnt maachen. Et ass just wichteg ni opzeginn. Ech soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet."

Merci gläichfalls Mister Hawking!

AUDIO: Apropos "Kuckt an d'Stären an net op d'Féiss!