Bréifchauffeur

„Fréier war alles anescht, fréier war alles besser!“ ass e Sproch, deen ee virun allem vu villen eelere Leit héiert. Ass dat wierklech esou? De Camille Ney ass där Fro un Hand vun engem Beispill nogaang…
Eisen huet zu Réiden un der Atert „Jéng“ geheescht. E Mann ewéi en Haus, ëmmer gutt drop an e koum bei all Wand a Wieder mat senger grousser Posch esou géint Mëtteg d’Vorkeilchen erof. En hat ëmmer e gutt Wuert fir déi eng, e Laache fir eis Kanner a reegelméisseg Sue fir déi Grouss. Jee, de Jéng war beléift – e war och fir vill eeler Leit an hirem Virgäertchen dacks deen eenzege Gespréichspartner fir e laangen Dag. Duerfir krut hien dann och als Merci fir Neijoerschdag e gutt Drénkgeld an heiansdo och eng Drëpp! De Jéng war eise Bréifdréier!
Haut wunnen ech zu Bäreldeng an eise Bréifdréier - ech kennen de gudde Mann net perséinlech - ass grad esou frëndlech ewéi de Jéng, e wénkt just ëmmer aus dem Auto eraus, wann en iwwer den Trottoir fiert, vun enger Bréifkëscht zur anerer. Aus dem Bréifdréier ass e Bréifchauffeur ginn! Nee, ech wëll elo hei net den Däiwel un d’Mauer molen, dass do emol eng Kéier e Kand kënnt ugestouss ginn, wat hannert dem Schoulbus vu lauter Freed an Honger fir heem erausleeft, an ech verstinn och, dass d’Post Stress an net genuch Leit huet, fir all déi Tournéeën, mee ech maache mir awer esou meng Gedanken!
De Jéng hat deemools eng Posch, déi iwwergelaf ass mat Zeitunge, Päck, Bréiwer, Kaarte, Suen an Timberen. Haut sinn dat Mailen, SMSen, What’s App, Facebook a Pack-Statiounen. A wéi ech dunn dëser Deeg duerch eis Cité gelaf sinn, hunn ech mir d’Fro gestallt, op esou Pack-Statiounen, oder soll ech soen, eng Mega-Bréifkëscht, net einfach geschwënn d’Roll vun eise klenge Bréifkëschte kënnt iwwerhuelen. Op’s Du elo owes virun d’Dir an d’Bréifkëscht gees, oder kuerz bei der Pack-Statioun stoe bleifs, kënnt op dat selwecht eraus an et ass all dat dran, wat ee soll kréien, op een doheem ass oder net. Jo, Du kënns esouguer eng SMS kréien op eppes dran ass, oder net.
De Jéng 2020 brauch da just nach eemol den Dag mat sengem Gefier bei der Allzweck-Bréifkëscht stoen ze bleiwen an den Trottoir wier nees fir déi reservéiert, fir déi e geduecht ass…