Firwat huet en Auto Fënsteren? D’Äntwert ass ganz einfach. Wou géif een da soss den Dreck eraus geheien? De Guy Seyler befaasst sech a sengem Apropos mam Problem LITTERING

Ganz Gruppe vu Fräiwëllegen – mat Tuten ausgerëscht - sinn um Weekend erëm ënnerwee, fir laanscht Stroossen den Dreck opzerafen.  All Joer erëm, an et gëtt net manner.
Dreck war nach ëmmer e Problem. Am Mëttelalter – wéi d’Schwäin op de Stroosse gelaf sinn  – hunn d’Leit hiren Offall och einfach do entsuergt. D’Konsequenz war de Schwaarzen Doud, och Pescht genannt.
Duerno gouf baussent de Stied eng Deponie ageriicht. All Duerf hat säin Dreckstipp. Esou laang deen sech selwer biologesch zersat huet, war dat och an der Rei. Mee de Fortschrëtt huet den Offall ëmmer méi problematesch gemaach.
Den nächste Schratt war d’Verbrennungsanlag. E grousse Progrès, mee vill vun eis sinn am Mëttelalter stoe bliwwen. Wat ech net brauch, geheien ech ewech. Déi schlecht Gewunnecht kritt een anscheinend kengem ofgewinnt.
Schonn de Fransous Eugène Poubelle hat 1884 probéiert, Paräis méi propper ze maachen. Déi no him benannte Poubellen si bei den Awunner op vill Resistenz gestouss. Dreck einfach ewech geheien gëtt mëttlerweil als Littering bezeechent. Et ass e weltwäite Problem.
Zu Lëtzebuerg, wéi a villen anere Länner, gëtt Littering bestrooft. D’Resultat gesäit een. Eleng laanscht d’Autobunne goufen an engem Joer vu Ponts&Chaussées 35 Tonnen Offall agesammelt. Dat sinn 216 kg pro km. Käschtepräis 2 Milliounen Euro – lauter Steiersuen.
Wann een de Problem net meeschter gëtt, da muss een e reduzéieren. An deem Sënn hunn ech dës éischter lëschteg Propose gelies. Wann een all 10 km um Stroosserand e Futtballsgol géif opriichten. Da bräicht een den Dreck just do anzesammelen, well d’Leit mat hirer Béchs, hirer Fläsch, hirer Tut en Ziel hätten. Mir géifen also aus dem Littering eng sportlech Kompetitioun maachen.
An eise Schoulen ass den Offall scho laang en Thema. D’Schoulkanner ginn an den nächste Wochen beim Dreck asammelen aktiv mat abezunn. Si léieren a gesinn, wat een net soll maachen. An awer !
Et ginn der, déi léieren et ni. Wéi z.B. de Futtballspiller Frank Ribéry.
Mam Dreck huet hien e Problem. Oder besser gesot, seng Noperen hunn e Problem mam Dreck vum Ribéry.
Säi Club Bayern München huet duerfir - esou steet et an der BILD – extra e Mataarbechter beoptraagt, sech reegelméisseg ëm dem Fransous säin Dreck ze këmmeren. Fir datt dee sech voll op de Futtball ka konzentréieren.

Musse mir dann elo och an all Auto een hannendra sëtzen, deen sech ëm den Offall këmmert?