Live is life

Wéi huet et an den 80er Joere bei Opus geheescht: Live is life! Wéini waart Dir da fir d'lescht op engem Concert? De Gibbes Bertolo mat engem Réck- an Ausbléck …
Mäin nächste Concert ass haut den Owend. Ech hu se bis ewell nach ni life gesinn, déi Kéier wollt ech mer d'Geleeënheet awer op kee Fall entgoe loossen. Ech freeë mech op Toto. Meng Virfreed ass vläit eng Grimmel manner enthousiastesch ewéi déi vu menger Duechter vu virun zwou Wochen. Mir waren den Harry Styles op Antwerpen lauschteren. A vrun allem kucken, Dir verstitt. E Gebuertsdagskaddo. Mir zwee zesumme mat 15.000 jonken an zu 90 % weibleche Fans, déi et kaum erwaarde konnten deem coolen oder wéi se haut soen: chauden Popstar esou no wéi nach ni dierfen ze kommen. An ech muss soen: Dat war schonn impressionant. Impressionant ze gesinn, wéi déi Jonk haut e Concert erliewen. U sech op indirektem Wee, op eng aner live-Manéier. Bal jiddereen hat gefillten 90 Minutte laang den Handy virum Gesiicht. Dee ganzen Optrëtt gouf quasi integral gefilmt fir en dann uschléissend op iergendenger Plattform ze deelen an der Hoffnung domadder e Maximum u “likes” ze kréien. Bon, wéinst menger … Ech hu mech just gefrot: wéi vill Energie a Konzentratioun geet do drop fir alles gutt a präzis festzehalen, fir datt et herno, nom Event, eenegermoosse propper a ouni ze vill Gewackels ka gekuckt resp. ge-shared ginn? Wou bleift de Genoss vum life, d'Erliefnis vum Moment? Déi schéinste Biller sinn dach déi, déi een am Kapp huet a behält.
Mä ier ech mengem Nowuess dat wollt kloer maachen hunn ech mer geduecht: Stop – wann Dausende vu jonke Mënschen op déi nämlecht Manéier handelen a funktionéieren, da kann dat jo net esou nieft der Plack sinn. Et ass eben net méi esou wéi fréier. An dat ass och ganz OK. Spéitstens wéi bei der Ballade “Sign of the Times” Dausende vun Handys-Täscheluuchten wéi Liichtwiermercher duerch d'Hal gedanzt sinn hat och ech eng kleng Héngerhaut. Zu menger Zäit waren et nach Briqueten, ech muss soen: dat heiten ass wuel vill méi praktesch.
Also – looss et.
Haut den Owend ass et jo mäi Concert.