Aner Länner, aner Bräich!

"Aner Länner, aner Bräich" ass en aalt Spréchwuert, wat awer nach ëmmer aktuell ass. Wa verschidde Gewunnechten aus anere Länner sech awer mat deem vermësche, wat mir gutt Manéieren nennen, da kann een dat emol an dee falschen Hals kréien. De Camille Ney huet dat viru Kuerzem erlieft...
Ech souz virun 2 Wochen um schéi gedeckte Kaffisdësch an engem 4,5 Stären-Hotel an enger vun den Top Schwäizer-Vakanzendestinatioun. Viru mir mäin Teller, deen ech mir wéi e gastronomescht Konschtwierk kuerz virdrun um Buffet zesummegestallt hat, e frësch gepressten Orangëjus als Vitaminbomm fir den Dag, e lues gekachten Ee an e Latte Macchiato bei deem's Du Dech gefrot hues "wéi mécht déi Maschinn dat nëmmen, fir deen esou perfekt a verschidde Couchen hinzekréien?". Vu mengem Dësch bei der Fënster, deem eenzegen, deen nach fräi war, hunn ech ewéi all déi aner Gäscht deen herrleche Biergpanorama vis-à-vis genoss an dee liichte Schnéi, deen d'Landschaft am gaange war ze zéckeren.
Wéi ech du mäin uewefrëscht Brout mat guddem Schwäizer Kéis beluecht hat a voller Genoss wollt dra bäissen, huet mech e Geräisch aus där Vakanzeperfektioun gerappt, wat awer och esou guer net dra gepasst huet! Um Dësch niewendru souz eng jonk asiatesch Koppel an d'Madamm – si hat geschätzte 25 Joer – huet mam Mond op giess an d'Geräisch vum Geknätschs huet de Sall gefëllt. Ech hunn dunn all Moment drop gewaart dass hire Mann vis-à-vis op chinesesch zu hier géif soen: "Huesi, knätsch dach net esou!" Mee dee Saz koum net! E Kulturschock op de réie Mo op 1.500 Meter!
An dunn hunn ech mech u meng läscht China-Rees erënnert, op där ech gewuer gi war, dass d'Touristen an de Restauranten separat vun deenen Einheimësche sëtzen, well bei deene muss een héieren dass et schmaacht, wat an eise Regioune géint all gutt Manéiere verstéisst! Elo war ech nach frou, dass ech eleng an der Schwäiz ënnerwee war, well wéi hätt een de Kanner erkläert, dass esou Reegele aus eiser Kannerstuff ewéi: "et schwätzt een net mam volle Mond!" oder "lee Dech net esou iwwer den Dësch!" op eemol vun Erwuessenen iwwer de Koup gehäit ginn.
No 10 Minutte war dat Geknätschs dunn endlech eriwwer, well déi 2 Asiate sat waren! Ech konnt mäi Kaffi nees genéissen an hunn esou bei mir geduecht: Aner Länner, déi selwecht Bäich, mee aner Bräich!