Am Apropos vun haut mécht d'Bea Kneip sech Gedanken iwwert Abrëllsgecken a Fake News am Allgemengen...

Apropos: Abrëllsgeck!

En ass alt nees erlaanscht: den éischten Abrëll an domat d'Abrëllsgecke vum Joer. Nee, d'Computerstëmm Plexi mécht keng Emissiounen um Radio, op dëser Antenne héiert der weiderhin (zum Gléck) just mënschlech Stëmmen! An déi Ouschtereeër déi der e Sonnden agesammelt hutt, koumen och net mat enger chinesescher Weltraumstatioun vum Himmel gefall, déi huet den Ouschterhues héchstperséinlech do verstoppt. Den Ouschterhues den elo jo och eng nei Carrière ufänkt, nämlech als Police-Hues zu München. A seng Pai kritt en direkt op den neie Kont iwwerwisen, den ee jo vun elo un fir seng Hausdéiere kann opmaachen...Et gouf sécher eppes ze laachen dëst Joer, wat ech awer iergendwéi vermësst hunn, war esou eng richteg plausibel Geschicht, op déi dann och vill Leit eragefall wieren. Well dat ass jo eigentlech d'Essenz vun engem gudden Abrëllsgeck, dass et jo kéint sinn, och wann et net wierklech esou ass. Déi ultimativ Fake-News also, just dass ee bei engem Abrëllsgeck net laang am Onklore gelooss gëtt. Dacks ginn op engem éischten Abrëll och Geschichte verzaapt mat deenen d'Aktualitéit soll op d'Schëpp geholl ginn. Sou huet de Büro vum europäesche Parlament a Groussbritannie iwwer Twitter matgedeelt, dass an der EU nei Päss sollen erauskommen, déi net méi wéi bis elo rout, mä blo sinn. Grad esou wéi déi Päss déi am vereenegte Kinnekräich fir d'Zäit nom Brexit geplangt sinn, a mat deenen d'Land sech jo eigentlech däitlech vun de fréieren EU Partnerlänner wollt ënnerscheeden. Keen Abrëllsgeck ass dogéint, dass déi nei britesch Päss net méi wéi bis elo a Groussbritannien, mä a Frankräich hirgestallt solle ginn.
Sou en Abrëllsgeck ass jo ëmmer eng flott Saach, mä et ass grad esou wéi mat Chrëschtdekoratiounen déi schonn am August an de Butteker leien. Ausserhalb vun der Saison mécht et kee Spaass, an dat gëllt och fir déi sëlleche Fake News mat deene mer haut net een, mä 365 Deeg am Joer bombardéiert ginn. Villäicht sollte mer dann och d'ganzt Joer duerch esou reagéieren wéi mer dat jo gemengerhand op engem éischten Abrëll maachen: net alles fir boer Mënz huelen, mä systematesch hannerfroen an iwwerpréiwen wat mer esou opgedëscht kréien. Zum Beispill dës News: déi britesch Zeitung The Independent huet de läschte Sonnde gemellt, dass e gewëssen Donald Trump säin Twitteraccount geläscht hätt. Ma dir wësst jo, wann et ze vill gutt kléngt fir wouer ze sinn, dann ass et wahrscheinlech och net wouer...