Cadeauen

Haut mécht de Roland Kalté eis e Cadeau am Apropos... Oder net?
E Cadeau ass déi fräiwëlleg Iwwerdroung vu Besëtz un en aneren, ouni Géigeleeschtung ze verlaangen. Am iwwerdroene Sënn kann een engem och Opmierksamkeet, Vertrauen oder Léift schenken. De Cadeau ass duerch eng sozial Bezéiung motivéiert, eng perséinlech Verbindung besteet. Zum Schenken gehéieren zwou Saachen. D’Ginn an d’Unhuelen. Fir engem eppes ze schenken, do mécht ee sech jo normalerweis e puer Gedanken. ’t stellt ee sech vir, oder 't hofft een emol, dass dat, wat een him schenkt gefält, Freed a frou mécht. A fir sech déi Gefiller virstellen ze kënnen, ass eng sozial Bezéiung néideg. Et muss een deen aneren e bëssi kennen, fir eng Iddi ze hunn, mat wat een him eng Freed mécht.
Hautdesdaags, wou geschwënn all Firma alles vun eis weess, kréie mer ëmmer erëm fir Gebuerts-, Pappen-, Mammendag asw., e Cadeau geschéckt. E Bong, eng Remise, iergendeppes, dat ee geschenkt kritt, wann ee fir e gewësse Montant..., kennt Der jo all.
Apple an U2 hate viru Joren zum Beispill iwwer automateschen Download 500 Milliounen i-tunes-Clienten den U2-Album „Songs of innocence“ geschenkt. Ob se wollten oder nit.
E bezéiungslosen an entpersonaliséierte Cadeau. D’Institutioun vum Schenken nit méi verstan. Mat esou Aktiounen geet eist schéint Gefill a Virgefill vum Schenke verluer, duerch d’Päif. E Cadeau, dee keen ass. 't ass eng Publicitéit, eng Manipulatioun, der däi Geld anzesäckelen. An du mengs nach, du misst frou derbäi an derfir sinn. Well s de jo e klenge „Cadeau“ kritt has.
Hu mer awer duerchkuckt, oder? ODER?