Dem Gibbes Bertolo säin Apropos riicht sech haut un all eis Nolauschterer an Nolauschterinnen

Et huet ee sech jo mëttlerweil un déi gendergerecht oder geschlechterfair oder net-sexistesch Sprooch an Ausdrocksmanéier gewinnt. Et gi Geschäftsmänner an et gi Geschäftsfraen, Landsmänner a Landsfraen, Fachmänner a -fraen, den Ombutsmann an zanter engem gudde Joer d'Ombutsfra. An esou Fäll schéngt mer déi sproochlech Ofgrenzung oder Trennung normal a logesch.

Wat mer allerdéngs an der Lescht ëmmer méi opfält, ass déi heiansdo vläicht ze vill gutt gemengte politesch Korrektheet wann et drëms geet, bewosst béid Geschlechter an d'Viséier ze huelen. Wann aus der allgemenger Formulatioun an eng männlech an eng weiblech Form gespléckt gëtt.

Léif Nolauschterer an Nolauschterinnen, léif Bierger a Biergerinnen, léif Memberen a Memberinnen … an natierlech, an den nächste Wochen a Méint ëmmer nees: léif Wieler a Wielerinnen. Gi mer hei net, bewosst oder onbewosst, eppes trennen, wat bis ewell eng Eenheet war a bleiwe soll?

Da misst ee sech och konsequent sinn an, firwat net, mol d'Fra mam Hummer komme loossen, d'Pappesprooch fleegen, d'Steieren un d'Mamma Staat bezuelen … op Papp oh Kanner, mammerlamamm … ok - de Geck an den Eck.

Gläichberechtegung soll a muss eng Selbstverständlechkeet sinn. Am Alldag, am Liewen. Net onbedéngt an all Formulatioun. Eppes mat den Hoer erbäizéien huet der Kapphaut nach ni gutt gedoen. Mä wann een dat anescht gesäit ass dat och an der Rei.

Mir si jo alles Mënschen a Mënschinnen. A keng Maschinnen.