Frënd vum Mënsch

En Hond gëtt oft als Frënd vum Mënsch bezeechent. Dat kann awer och eng Kaz oder soss en anert Hausdéier sinn. Si sinn eis Mënsche normalerweis gutt gesënnt, mee dat ass ëmgedréint net ëmmer de Fall.
De leschte Weekend war jo op en Néits d’Hondsausstellung. An op en Néits ass d’Nouvelle komm, datt Hënn hu missen aus engem iwwerhëtzten Auto gerett ginn. Sou Situatiounen ginn et an de Summerméint regelméisseg.
Ech verstinn et net, datt een en Déier sou an engem Auto kann zréckloossen. Ech ka mir et nëmme sou erklären, datt déi Leit, déi dat maachen, sech deen Ament keng Gedanke doriwwer maachen, datt den Auto an der Sonn séier op hëtzt an datt Déier, dat am Auto huet misse bleiwen a Gefor ass.
An awer gëtt jo awer ëmmer erëm drop higewisen, datt een keen Déier am Auto soll loossen wann et dobausse waarm ass. Natierlech ginn et nach ganz aner Mëssstänn, ënner anerem wann een krankhaft Déiere sammelt, fir elo nëmmen dat ze nennen.
Dofir freet et mech ëmsou méi, wann een Nouvellen héiert iwwer Leit, déi hir Fräizäit afferen, hir Suen investéieren fir Déieren an Nout ze hëllefen. Do fale mir zum Beispill déi Leit an, déi zu Aleppo a Syrie bleiwen, fir no deenen Déieren ze kucken, déi kee Propriétaire méi hunn. An domatter bréngen déi sech och nach selwer a Liewensgefor.
Oder eng pensionéiert Koppel, déi an der Géigend vun Nashville an den USA een Déierenheem opgemaach huet, fir eeler Muppen opzehuelen, fir deenen e flott Liewenssënn ze bidden. Bis elo hunn si iwwer 130 Hënn opgeholl. Natierlech funktionéiert dat Konzept nëmmen mat Spenden a mat der Hëllef vu Fräiwëlleger. E Video iwwer deen Old Friends Senior Dog Sanctuary huet mech scho beréiert. Iwwer 1,7 Milliounen Persounen eleng op Facebook schéngt et do net aneschters gangen ze si wéi mir.
Et brauch een awer net sou weit sichen ze goen, fir sou Persounen mat engem groussen Häerz fir Déieren ze fannen. Hei am Land ginn et der och vill. Ech kann do nëmme soe Respekt! Et kann een nëmmen hoffen, datt et an Zukunft ëmmer méi sou Leit ginn.