Liesen a liese loossen

Wat mécht e gutt Buch aus? Déi Fro stellt sech d'Bea Kneip am Apropos vun haut.
Haut an enger Woch, um 23sten Abrëll ass den internationalen Dag vum Buch a vun den Autorerechter. Eng zwou Milliounen nei Bicher géife weltwäit all Joers erauskommen, dës Zuel baséiert op Statistike vun der UNESCO, ass awer ganz schwéier nozepréiwen. Op alle Fall, et sinn der vill! Do ass dann och wuel sou zimlech alles dobäi vu Romaner, iwwer Poesie, Fotosbicher, Fachliteratur, Kannerbicher bis hin zu prakteschen Themen nom Motto "How to in 10 lessons". Mä wéi mécht een et fir gutt Bicher vu schlechten z'ënnerscheeden? Dozou géif et vill ze soe ginn, mä een Unhaltspunkt ass, op d'mannst fir mech, Originalitéit. Eppes Neies, Eenzegaarteges, dat déi perséinlech Handschrëft vum Auteur dréit. Dat heescht also ëmgedréint, keng Klicheeën déi scho fir d'Xte Kéier opgewiermt ginn, an dowéinst nach laang net besser schmaachen. Der fënnt een der awer méi wéi genuch, an och net nëmmen an der sougenannter Trivialliteratur. E Klischee huet ëmmer de Bäigeschmaach vu Konformitéit, op kee Fall vun den alen ausgetrëppelte Pied wëllen ofkommen, well jo op neie Weeër och emol dat eent oder anert Fettnäpfche lauere kéint. Maach et wéi d'Leit, da geet et der wéi de Leit, dat gëllt och an der Literatur, a wéi vill Bestseller sinn no engem bewäerte Muster gestréckt, mat dem ee wéi et schéngt, net vill falsch maache kann. Mä wann een näischt falsch mécht, heescht dat jo nach laang net, dass een eppes richteg gemaach hätt, et huet ee villäicht einfach just näischt gemaach. An der Majoritéit nom Mond ze schwätzen, muss net ëmmer richteg sinn. "Wann s de dech op der Säit vun der Majoritéit erëmfënns, dann ass et Zäit fir stallzehalen an nozedenken." sou huet sengerzäit de Mark Twain et ausgedréckt. Dat muss jo net heeschen, dass d'Majoritéit am Onrecht wier, et sollt een awer a sech goen, fir erauszefannen, ob ee selwer aus Iwwerzeegung oder éischter aus Kamouditéit mat eppes averstanen ass. Klischeesgeschreifs ass eppes ganz Kamoudes a kann heiansdo och gutt ënnerhalen, et hannerléisst awer dacks e batteren Nogeschmaach. Am schlëmmste Fall gëtt aus Klischee a Konformitéit, Mob a Mobbing, an do héiert d'Gemittlechkeet dach op. Wat soll een da liesen? Majo, am beschten dat wat engem gefält, an den Noper dat liese loossen, wat him gefält. Wichteg ass just wéi een et liest: mat enger gesonder Skepsis an am Bewosstsinn, dass een duerchaus e Recht op eng eege Meenung huet, och wann dat villäicht net ëmmer déi vun der Majoritéit ass.