Sorry, Bei!

De Wanter hat eis déi Kéier laang am Grëff an och wa mer elo scho bal de Summer spieren, huet nach net jiddereen sech mam Fréijoer beschäftegt. Dem Christiane Kremer ass et esou gaangen, bis op eemol d'Natur bei hatt komm ass.
De Weekend hat ech Besuch, gläich zweemol an ëmmer vu Gäscht op déi ech net preparéiert war. Also dat heescht, si koumen elo net esou onerwaart, mä ech hat se net um Plang. E Samschdeg hunn ech a menger Kummer op eemol en déckt muussegt Déierche gesi fléien. Eng Bommel hat sech duerch d'oppe Fënster a meng Kummer veriert an ass hin an hier gefladdert. Ech hunn hir du probéiert ze hëllefen de Wee nees erauszefannen.
E Sonndeg de Mëtteg huet et dunn am Living gesummt. Eng Bei war dobannen a wéi ech hir sou nogekuckt hunn, ass mer agefall, datt ech emol nach guer näischt fir si gemaach hunn. Keng Blummen op de Balcon geplanzt, iwwerhaapt déi ganz Terrass nach eidel an nach net a Form. Also keng Blimmchen, un déi se konnt schnoffele goen a keng Bléi, déi se hätt kënnen ulackelen. Sorry Bei, sot ech zu hir. An dunn hunn ech mech derbäi ertappt, datt ech all méiglech Ursaachen hat, firwat dat nach net geschitt ass. Wann ech Zäit hat, war erëm Wanter dobaussen a wann d'Wieder gutt war, hat ech keng Zäit. An ier ech wollt Backe mat Planzen dohinner setzen, wollt ech och emol alles gutt schruppen a propper maachen ... an, an, an. Eng ganz Litanei, déi déi kleng Bei sécher net verstanen huet.
Mä verstinn iwwerhaapt d'Beien an all déi aner Insekten, déi eis vläicht heiansdo ploen an déi dach esou wichteg sinn, d'Welt nach? Déi Welt an där se anscheinend keng richteg Plaz méi hunn a keng Plaz méi fannen, wou se liewen a schaffe kënnen. Den Therm Insektestierwen gräift ëm sech a schéngt sou lues och emol an d'Bewosstsinn vun eis Mënschen ze kommen. Well mol éierlech, déi Plaz, déi si net méi hunn, déi hu mir Mënsche genotzt fir eis Zwecker: bauen, ubauen, sprëtzen. Alles muss schéin a clean sinn, agepercht an zoubetonnéiert. Keng verwuerelt Hecke méi oder einfach wëll Blummewissen.
Jo, et muss och ugeplanzt ginn, jo, et muss och opgeriicht ginn, fir datt mer all kënne liewen an de bescht méigleche Konditiounen, mä den Drock, deen op jidderengem leit, fuerdert ëmmer nach méi. Mä kënne mer dat da wierklech nach ouni Natur? Ouni Insekten, ouni Bommelen, ouni Beien. Da geet et net duer fir "Sorry Bei" ze soen a Blummen ze planzen (Jo ech huele mer Zäit!!), mä da musse mer vill méi ënnerhuelen, net datt mer op eemol nach Bye, Bye Bei musse soen. Da scho léiwer: Bei bleif hei!