Et gi klenger a grousser, déi eng hunn Zacken, déi aner net, et si Käpp, Biller oder Landschaften drop, eng Zuel oder e Buschtaf, et leckt een se oder si peche vum selwen – ech schwätzen natierlech vum Timber a ronderëm deen dréint sech och dem Camille Ney säin Apropos...

23/04/2018 Apropos: Komm ech weisen Dir meng Timbersammlung!

Deslescht koum meng Fra ganz begeeschtert a sot: „d’Nathalie huet eis eng Postkaart aus der Schivakanz geschéckt, mat enger Foto vun der ganzer Famill am Schnéi, enger flotter Schrëft a mat engem richtegen Timber drop?“ Aus hiren ongleewegen A konnt ech liesen, dass si net wousst dass een an eiser digitaler Welt esou Kaarte vum Handy aus ka verschécken, wou och ëmmer ee grad an der Weltgeschicht drun ass an de Bréifdréier bréngt se dann heem, esou wéi an der gudder aler Zäit!

Do si bei mir Gedanken erwächt aus enger Zäit, wou de Fasbindesch Jos gefillt eemol am Mount bei eis zu Réiden an d’Haus koum, mat neien Timberen. Dat war en Event! Et gouf Kaffi a Kuch an de Jos huet dat zelebréiert ! De Jos war President vun de lokalen Timberefrënn a meng Elteren haten decidéiert fir mir vu Klengem un Timberen ze sammelen – „d’Kand huet herno bestëmmt Spaass dermat!“ De Jos huet eis déi nei Käppercher all eenzel virgestallt: eisen Haff an alle Faarwen, de Pont Adolphe, d’gëlle Fra, Zuch, Fliger, Auto an Déier… ee méi schéin ewéi deen aneren! Mat der Pincette gouf all Eenzelen an den Album gemaach a gutt opgepasst, dass och nëmme keen en Zack verluer huet! An da goufen et och nach limitéiert Serien an Enveloppen, gestempelt oder och net.

Opeemol koum de Jos net méi an d‘Albumen hunn am Schaf Stëbs gefaang… Wéi dunn am Dezember d’Nouvelle koum, dass d’Banque du Timbre géif zou maachen, gouf ech och nach eng Kéier un d’Existenz vun deenen Alben erënnert an da freet een sech natierlech: wann d’Bank schonn zoumécht, wat sollen d’Timberen dann nach wäert sinn? A kënnen eis Kanner iwwerhaapt eppes dermat ufänken, vläicht als Science-Fiction fir hire Kanner ze soen: „kuck emol: dat hunn eis Grousselteren nach op Pabeier gepecht fir engem eppes ze schécken!“

Eent steet fest: den Trick „komm ech weisen Dir meng Timbersammlung“ ass och mam Timber gestuerf, do gëtt haut just nach digital gebaggert – eigentlech schued!