Kee beléifte Sujet an awer haut stellt sech d'Marie Gales dësem! Apropos Doud

Virun 2 Wochen gouf meng Kaz ageschléifert. Den Teddy! 15 Joer hat en a war zanter Ufank Januar net méi richteg op der Héicht. De Gang bei de Véterinaire war immens schwéier an och haut elo wann ech Iech dat erzielen, muss ech mech zesumme rappen. Jo ech ginn zou, ech si immens empathesch, also hu vill Matgefill. Dat kréien ech leider och net méi geännert, muss domadder liewen. Grad sou wéi ech domadder liewe muss, dass den Doud zum Liewe gehéiert. Dat weess ech, natierlech....an awer Doud, dovunner wëll ech näischt héieren oder besser gesot mech net richteg domadder ausernee setzen.

Ech si mat dëser Astellung natierlech net eleng, ville Mënschen geet dat sou wéi mir. Gutt ech schwätzen a mengem Fall elo hei vun enger Kaz. En Déier, mä e Wiesen dat fir mech ganz wichteg war an ëmmer do war, wann ech heem komm sinn. Ech dierf guer net drun denke wann elo e Mënsch wech fält, mat deem ech mäi ganzt Liewe verbruecht hunn an dee mir ganz no steet. ''Wéi iwwersteet een dat?'', dat hunn ech mech schonns dacks gefrot. Déi meescht Leit, déi mol am Fall waren a léif Mënsche verluer hunn, soen dat iwwerlieft een, schwéier, ma et muss een! Et muss jo och viru goen!

Firwat ass dat sou, dass mir zum Doud sou eng schlecht Astellung hunn? Gutt, éischtens geet domadder alles op en Enn, bon fir Anerer jo anscheinend nees net a gleewen un e Liewen nom Doud. Dat ass awer e schwaachen Trouscht fir mech, well et gesäit een déi léif Persoun net méi erëm, oder awer dach fir déi aner nees, wann ee selwer da stierft. Mä mat deem Gedanke kann ech perséinlech näischt ufänken an och eng Urne mat Äsche als Undenken, do leeft et mir kal de Réck erof. Ech fannen dat éischter makaber fir déi dann a meng Stuff ze stellen. Mä do mécht jidderee wéi e wëll!

Ech mengen, den Doud huet et an eiser Gesellschaft schwéier, well mir all an engem Hamsterrad lafen..et ass einfach keng Zäit a Plaz do fir e Stëllstand an dat ass nun mol den Doud. Eng Gesellschaft, déi e grousse Problem mat Al ginn a mat Al-Ausgesinn huet, jo do passt dat mam Stierwen iergendwéi net eran. Duerch dee Jugendwan loosse mir dat Logescht um Enn vun eisem Liewen gären aus alles eraus an dann erwëscht eis äiskal wann et da geschitt.