Frae kënnen zwou Saache matenee maachen, heescht et jo dacks wann de Mann mol nees erëm eng Kéier iwwerfuerdert ze si schéngt. U sech kann dat awer kee Mënsch.

Am Fong geholl kann ee keng zwou Saache gläichzäiteg maachen, dozou ass eist Gehir anscheinend net capabel. Dat eenzegt wat wierklech funktionéiert ass dee séiere Wiessel tëscht A a B. Eis gro Zelle sprange mat héijer Vitesse tëscht zwou Aktivitéiten hin an hier. Mam Resultat datt een quasi nëmmen d'Hallschent matkritt.

Bon, Musek lauschteren an iwwerdeems vun der nächster Vakanz dreemen – dat kréie mer nach hin. Wann een dann awer muss telefonéieren an anengems d'Zéiwenneel schneiden, passéiert dat a Wierklechkeet net zur nämmlechter Zäit. Et geet just gedanklech ganz huerteg hin an hier. Dat kënnen déi eng effektiv besser ewéi déi aner. Mä et gëtt keng erwisen Differenz tëscht Mann a Fra.

Multitasking – e Begrëff deen zemools an der Aarbechtswelt ëmmer nees gären am Kontext vun Effizienz- a Produktivitéitssteigerung zitéiert gëtt. Een, dee villes mateneen oder dann ebe séier nieftenee kann an d'Rei bréngen, ass einfach nëmmen top. Mä a Realitéit, esou hu Wëssenschaftler erausfonnt, féiert déi gläichzäiteg Fixatioun op zwou oder méi Aufgaben no an no zu engem considerabele Konzentratiouns- a Leeschtungsverloscht. Vereinfacht ausgedréckt: et kann een nun mol net gläichzäiteg op zwou Hochzäiten danzen. Oder Auto fueren an telefonéieren. Och wa mer eis dat dacks net wëlle soe loossen resp. agestoen.

Jo, ech weess: D'Vitesse, mat där eis Welt haut dréint, léisst mat Momenter keng Alternative zou. Et muss een eben heiansdo méi ewéi ee Chantier an Ugrëff huele. Mä wa mer einfach mol méi dacks géingen een Asaz nom anere plangen hätte mer scho vill méi Gedanken an Energie beieneen. Maach dat, wat s de méchs, zerguttst an huel der déi néideg Zäit. Da brauchs d'och keng zweemol unzefänken. Et kéint ee jo mol dru schaffen. Bonne chance ...