D’Optioune si méi deier wéi de ganzen Auto

© RTL
Nei Autoe ginn ëmmer méi deier. Et stécht och ëmmer méi Technik dran. D’Zäiten wou de Mecanicien de Capot opgemaach huet, an da mat uelegen Hänn a mam Schrauweschlëssel hantéiert huet, si passé. Haut heescht hien Mechatroniker a säin Haapt-Handwierksgeschier ass de Computer. Och fir de Keefer huet sech villes geännert, fënnt de Guy Seyler
AUDIO: 25/04/2018 Apropos Auto kafen
Wéi ech mäin éischten Auto kaaft hunn, hat ech 2 Extra-Wënsch. E sollt eng flott Faarf hunn an e Radio mat UKW.
Wann een haut en neien Auto kafe wëll, dann kritt d‘Lëscht mat den Extraen keen Enn. Mam Basismodell – esou wéi deemools - gëtt ee sech jo kaum zefridden. Schliisslech soll mäi “Bi-Turbo“ mat „4 Wheel Drive“ och eppes hier ginn.
Dir mierkt et schonn, ouni Englesch ass et schwiereg den Duerchbléck ze hunn.
De Radio heescht haut “Sound System”, mat “Bluetooth”.
D’Heizung ass eng “Air Condition”.
Wat ESP, ABS a “Steptronic” ass, weess ech net genee, mee de Vendeur mengt, dat misst een hun.
Fir meng Sécherheet suergt och eng “Active protection” an e “ROPS”, e “Roll Over Protection System”. Do seet ee jo net nee.
Vu “Surround View”, “Driving Assistant” an “Airbag” loossen ech mech aus Sécherheetsgrënn iwwerzeegen.
Ganz bequem ass och en “HUD”, en “Head Up Display”.
Den „Navi Pro“ ersetzt méi wéi nëmmen den Atlas an d’Landkaart vu fréier.
Eng grouss Hëllef ass och de „Park Distance Control“.
„Speed Limit Info“ a „Soft Close“ Dieren erliichtere villes.
Bei “Cruising System mat Night Vision”, a bei “Coming Home Light” fänken ech un ze iwwerleeën.
E Steierrad ass awer am Basismodell dran ? hunn ech schei gefrot.
Wéi ech du beim Präis vun deem ganze „Package“ gemengt hunn, ech wëllt eigentlech just een Auto kafen, du huet de Vendeur mech nëmmen nach matleedeg gekuckt.