Erliefnisser

So mir wat s du erliefs, an ech soen Dir wien s du bass! Dozou e puer Gedanke vun Roland Kalté
Mäin Haus, mäin Auto, meng Yacht - dat wat eemol. Haut sinn Erliefnisser de Statussymbol,...fir déi, déi där brauchen. Sech mat engem Stéck Gummi u Bee festgestréckt iergendwou erofzegeheien oder mat engem Fallschierm, am Iglu Vakanz maachen amplaz am Hotel, Safari, Rafting, Surfcamp, Gorillatrekking, base flying, asw
Nëmme wien haut erlieft, lieft! Esou kréie mir et op all Fall verkaaft. ''Du bass, wat s du erliefs!'' ass de Slogan vun engem, dee genee sou Erliefnisser verkeeft. Soss huet ee sech sou Erliefnisser selwer mussen organiséieren, op d'Sich duerno goen. Haut kënne mir Erliefnisser kafen a verschenken. A mir siche jo haut esou intensiv duerno wéi nach ni. Ëmmer op der Sich no deem nach méi groussen, no deem méi intensive Kick.
Wien eppes erliewe wëll, dee muss jo aus senger berühmter Confortzon eraus. Bei deene virgefäerdegten Erliefnispackage muss een een dat net méi. Mat der Zäit ass dat e richtegen a wichtegen Secteur an der Economie ginn, -Erliefniskaddoe boomen, vu Lama-Safari bis Auto kuerz a kleng schloen.
Erliewen huet eppes mat Authentizitéit ze dinn. Fir eppes erlieft ze hunn, muss een et richteg gespuert hunn, mat alle Sënner erfaasst hunn. Erliefnisser maachen eist Liewen liewenswäert. Mir kënne mat aneren driwwer schwätzen, d'Erliefnisser mat hinnen deelen, driwwer diskutéieren, well jiddereen et anescht erlieft huet.
Mee et muss een sech awer bewosst sinn, dass net alles, wou Erliefnis drop steet, och Erliefnis dran ass. Well esou e konstruéiert Erliefnis vun der Touristebranche, dat mir kafen, ass meeschtens oder dacks net méi esou staark, manner authentesch. Esou e bëssi wéi e Besuch am Zoo, wou d'Déieren eben all nëmmen agespaart sinn. Déi kaaften Erliefnisser lafen all an engem séchere Kader of, zäitlech begrenzt. Well kuerz no eis kommen déi aner, déi dat selwecht gebucht hunn.