Neen den Titel vum Apropos vun haut ass keen Tippfeeler. D'Christiane Kremer huet de bekannten Lëtzebuerger Ausdrock just mat engem aneren Vokal geschriwwen a scho gëtt aus "Abee jo!" "Abaa jo!" an da si mer scho beim Thema.

Abee jo! - war awer genau den Ausdrock, dee mer an de Kapp koum, wéi ech e Freideg, wéi mer all, iwwerrascht gouf vun der Nouvelle, datt déi schwedesch Band ABBA elo dach nees Musek zesumme mécht. Wat war dat dach an de leschten 35 Joer en Op an Of an en Hin an Hier! Kommen se dann nach emol zesummen? Gëtt et e Comeback? Vill hunn der et gehofft. Anerer hunn et gefaart. ABBA huet iergendwéi ni ee kal gelooss.
Ech gehéieren zu där Generatioun, déi de schwedesche Quartett als Teenager erlieft huet, also dem Alter, wou ee begeeschtert ass vun allem, wat mat Popmusek ze dinn huet. Allerdéngs war et scho bal e Faux-Pas deemools ze soen, et géing een d'Musek vun Abba och gutt fannen. Also da besser sou maachen, wéi wann een dat dach wierklech géing kitscheg fannen. Et war lo och net meng absolut Liiblingsband, do hat ech scho méi Begeeschterung fir Queen, mä gelauschtert a matgesongen hunn ech ëmmer gär bei den Abba-Hits. Si goungen esou séier an d'Ouer a si haten dach ëmmer eppes Emotionales, dat ee beréiert huet, grad wéi de moudesche Chic vun den zwou Dammen. An op eemol war et eriwwer mat ABBA. Si konnten net méi mateneen. Vrun allem privat.
Datt se sech an de leschte Joerzéngten, no hirer Opléisung, och net vu gebuedene Millioune lackele gelooss hu fir nees zesummenzekommen, dat huet dunn och Kult aus hinne gemaach. E Musical, e Musée, e Film, e Restaurant a wat net nach alles koum am Abba-Look.
An elo? Elo weess ech net, wéi ech dat soll fannen, datt se nees zesumme sangen. Ass domadder de Kult-Status verschwonnen? Hu se hir Grondsätz elo verroden? An da just am Studio sangen an Avataren optriede loossen. Firwat dann net nees richteg, wéi fréier, awer mam Charme vun haut?
Um Enn kommen ech awer zur Konklusioun, datt ech dee Comeback gutt fannen. Aus engem einfachen a mënschlech wäertvolle Grond. Déi 4 vun ABBA hunn aus dem Wee geraumt, wat se laang getrennt huet: "Et kënnt engem vir, wéi wa mer aus enger kuerzer Vakanz kéimen. D'Zesummenaarbecht huet nees richteg Spaass gemaach", sote se.
Vläicht e gutt Omen fir eis all, fir mol nees ageschlofe Frëndschaften oder Relatiounen opliewen ze loossen. Einfach esou, als Geste vu Versteesdemech a Respekt. Ouni Erwaardungen oder Pläng.

AUDIO: Apropos "Abaa, jo!"