Riets iwwerhuelen ass jo laut Code de la route streng verbueden. An nawell ginn et Gefierer, déi dat däerfen, mä bei verschiddene stellt sech de Camille Ney awer esou seng Froen

AUDIO: 08/05/2018 Apropos: Riets iwwerhuelen

Moies, 7h10, Beggener Strooss a Richtung Stad. All Dag dat selwecht Bild – mir sti Stoussstaang u Stoussstaang a waarde gedëlleg drop, dass eng Luucht no där anerer gréng gëtt a méi oder manner Autoen duerch léisst. Ech kennen Är Äntwert schonn: huel de Bus, da geet et méi séier! Wou Dir Recht hutt, hutt Dir Recht an där fueren der och en etlech riets laanscht. Mee dorëms geet et elo guer net. Am Réckspigel gesinn ech nämlech och all Moien iwwer déi selwecht Busspur zwou Luuchte vun engem Auto op eis duer kommen - gefillt méi séier ewéi erlaabt! En Auto op der Busspur? Esou culottéiert ka jo am Fong kee sinn! Et ass keng Police, keng Ambulanz, da kann dat jo dann am Fong nëmmen…, richteg, en Taxi sinn. Ass en nees ze spéit opgestan oder firwat ass en esou schëtzeg ënnerwee? Oder ass säi Passagéier ieren esou presséiert fir op säin Zuch, säi Fliger oder säi Rendez-vous, dass deen e stëppelt, méi séier, ze séier, ze fueren ? En huet jo fräi Bunn !

Nee, mäin Taxichauffeur ass eleng am Auto, fiert iwwer de Sensor am Stroossenteppech, deen déi wäiss Luucht fir déi ëffentlech Verkéiersmëttel reegelt, stoppt domat de ganze Beruffstrafic, dee bei rout muss stoe bleiwen, a fiert riicht weider. Aus der “grünen Welle”, wéi se an Däitschland soen, gëtt also eng gréng-wäiss Well. An ass iren eréischt grad virdrun e Bus duerchgefuer an dat mam wäisse Stréch klappt net, dann ass mäin Taxichauffer och net schlecht drun, hëlt de Plang B, wiesselt op déi normal Bunn a fiert dann eben do bei gréng duerch. Just no him gëtt d’Luucht dann erëm rout, well jo een iwwer de Sensor gefuer ass.

Ech si sécher – Ironie un – mäin Taxichauffer ass en eenzel Fall – Ironie aus, mee mir ginn do awer Gedanken duerch de Kapp. Wat maachen eidel Taxien op der Busspur? Ass dat am Sënn vum ëffentlechen Transport, dass si esou séier ewéi méiglech nees op hier Statioun kommen, fir dann 1, 2 oder 3 Leit vun A op B ze bréngen? A wann een nach e Schrëtt méi wäit geet a vun den Uber-Problemer weltwäit héiert: maachen Taxien iwwerhaapt nach Sënn? Vun de Präisser guer net ze schwätzen! Ech si bestëmmt net deen eenzegen, dee schonn a Groussstied am Stau aus engem Taxi erausgeklomm ass, fir zum Beispill op de Metro ëmzeklammen?

Wann ech mech awer sollt ieren, da sot mir dat an da wénken ech dem Taxichauffer elo all Moie, wann hien eis riets iwwerhëlt – dee Moment mengs de dann eben, du wiers an England …