Wann een hautzedaags eppes net weess, gëtt gäre séier um Internet no der Äntwert gesicht. Dat huet och iergendwou seng Grenzen.

D’Tia Freemann wollt, obwuel  si schwanger war, vun den USA an Däitschland fléien, mat engem Tëschestopp vun enger Nuecht zu Istanbul. Et waren nach e puer Woche bis zum ausgerechente Gebuertsdatum. An trotzdeem huet d’Gebuert am Hotelszëmmer agesat a si war ganz eleng an engem frieme Land, an huet sech wéinst der sproochlecher Barrière net konnte mat enger anerer Persoun verstännegen. Si huet sech dunn einfach un en Tutorial op Youtube gehalen.

De Puppelchen ass gesond op d’Welt komm. Dat ass sécherlech elo en extreemt Beispill, dat een net soll nomaachen. D’Fro déi ech mir stellen: wou ginn et do nach Grenzen? Tutorials hëllefe schonn, et soll een sech an aneren awer kenge Geforen aussetzen. Wéi heescht et sou schéin „Bei Risiken und Nebenwirkungen lesen Sie die Packungsbeilage oder fragen Sie Ihren Arzt oder Apotheker.“

Um Internet besteet ëmmer d’Gefohr, datt d’Äntwert net der Wourecht entsprécht. Dat ass dann déi aner Säit vun der Medaile. Am World Wide Web ass et wéi an der realer Welt: et ass net alles Gold wat blénkt.

Praktesch ass et awer schonn, et brauch e just um Smartphone oder um Computer um Internet ze surfen. Besonnesch de Smartphone eegent sech fir iwwerall matzehuelen, zack zack a schonn huet een e Resultat. Dat ass op alle Fall kamoud, kompakt a praktesch. Do dernieft schwätzt d’Vitesse fir sech fir déi respektiv Informatiounen ze fannen.

Un sech soll een awer am Hannerkapp behalen, datt alles seng Vir- a seng Nodeeler huet.