Et geet jo näischt iwwer den Internet, well et geet jo näischt méi ouni den Internet. Där Meenung ass op alle Fall de Luc Marteling vun eiser Online-Redaktioun RTL.lu. An awer iwwerkënnt et en heiansdo, datt en eng Zeitung am Grapp hale wëll, datt e Pabeier spiere muss ...

Viru Kuerzem war et nees esou wäit, 't huet gekribbelt an de Fanger an ech hu mer eng Zeitung gekroopt. Bon, am Fong hunn ech mer eng gezoppt, well ech hunn eng "Süddeutsche" aus der Redaktioun entfouert. Firwat grad eng "Süddeutsche"? Well se mech u meng Unisstad erënnert ... a well se sou mudderséilen eleng do louch.

D'Zäit, eng Zeitung, sou eng super Kombinatioun aus Contenant a Contenu richteg ze genéissen, feelt leider an der Reegel. Dofir kënnt et dann och alt emol vir, datt ech Zeitungsartikele Wochen, Méint oder Joer, munchmol souguer Joerzéngte méi spéit liesen. Dës Kéier war dat anescht, ech hat just e puer Deeg Retard ...

RTL

A wat hunn ech gelies? Erstaunlech vill gutt Saachen! Nee, nee, net onbedéngt journalistesch gutt, dat sécher och, ma einfach gutt Nouvellen, also positiver, erfreelecher, optimistescher. Zum Beispill datt Keelespillen nees in ass. Datt verschidde beieschiedlech Pestizide verbuede goufen (bon, lo kéint een natierlech laang lamentéieren, firwat se iwwerhaapt erlaabt goufen). Datt eis Stroumnetzer an Zukunft intelligent sinn. Datt den Trump de schwaarze Box-King Jack Johnson posthum begnodege wëll. Firwat München déi sécherst Stad an Däitschland ass. Datt an deem Däitschland elo déi éischt Saison vun der "Ehe für alle" ufänkt. Datt mer eis wuel an e puer Joer mat autonome Fligertaxie ronderëm kutschéiere loossen. Datt jonk Leit sech méi séier trauen, hiren Job ze wiesselen. Datt den Echo net méi echot, déi zwee Koreae sech d'Hand ginn, de Bill Cosby veruerteelt gouf a Stadionverbueter an Däitschland erlaabt sinn. An datt Abba kënnt zeréck – awer just fir zwee Lidder ...

Bon, lo kann een natierlech driwwer streiden, wat wierklech gutt ass. An et kann ee mäi Choix kritiséieren. Deen ass natierlech subjektiv gewiescht, well an der Zeitung waren och vill schlecht oder traureg Noriichten, ugefaange bei den Doudesannoncen iwwer wirtschaftlech Problemer an Turkmenistan bis zum ëmmer méi akuten Aartestierwen. Wat d'Zeitung awer bewisen huet: Et ass net alles schlecht op der Welt! Et ass also och net verbueden, heiansdo dat Gudded ze gesinn, ze honoréieren an ze appreciéieren – iwwregens och an de Comments op RTL.lu :-)

Jo, jo, "la vita é bella", d'Liewen ass schéin – oder ka sou schéi sinn. Am Luc senger Zeitung war iwwregens och nach eng Bäilag dran. Hiren Titel: "Fir Iessen, Drénken a Genoss". Wann dat keng Opfuerderung ass ...

AUDIO: Apropos: Och Ae fir dat Gutt a Schéint hunn!