Talent brauch ee fir alles, och fir mam Auto ze fueren, mengt d'Marie Gales!

Fiert ee mam Auto, huet ee vill Zäit fir sech Gedanken ze maachen. Natierlech soll een sech op de Verkéier konzentréieren, mä wann ee wéi ech dacks am Stau steet an et geet just am Schrëtttempo virun, da ginn engem vill Gedanken duerch de Kapp. Ech fueren elo knapp 30 Joer Auto a kommen zur Conclusioun, dass Autofuere wéi Piano spillen oder Football spillen ass. Fir alles brauch een Talent, an anere Wieder net all Mënsch ka Football oder Piano spillen, dach natierlech...mä ouni Talent gëtt et net vill. A beim Autofueren ass et dat selwecht.

Zanter deene ville Joere begéine ech vill Mënschen, déi schlecht fueren a fir sech an fir anerer eng grouss Gefor bedeiten. Sief et well si ze riets oder ze lénks fueren, engem drop fueren oder dann nees en immensen Abstand loossen, net ufuere wann et gréng gëtt, ouni Winker ënnerwee sinn, dann einfach op der Iwwerhuelspur bleiwen an domadder eng déck File hannert sech provozéieren. Da wéi e Schleek fueren oder vill ze séier. Net op d'Strooss oppassen oder mat vill anerem beschäftegt sinn, wéi elo Auto fueren. Als éischt Lektioun an der Fahrschoul hunn ech geléiert, dass Autofueren virun allem oppassen op anerer Automobilisten ass an een uecht muss ginn, wat dee kinnt maachen. Ma ech gesi vill Leit, déi mengen si wieren eleng an deem Verkéier, just well si eleng am Auto sinn.

Kee Mënsch, ausser et ginn handfest Grënn, ka verbuede kréien de Führerschäin ze maachen, och wa Fahrlehrer mat Bedauere schonns erkennen, dass dee Futur-Automobilist eng Gefor am Stroosseverkéier wäert sinn. Da wier soss Diskriminéierung, jidderee muss déi selwecht Rechter hunn.
Bon, dat sinn elo net meng Gedanke, wann ech ee Mënsch viru mir fueren hunn vun deem mol léiwer méi wäit ewech bleiwen, well dee grad zick zack fiert.

Mir falen nach vill aner Saachen an, wéi dass Verkéiersdelikter vill ze wéineg an net genuch bestrooft ginn. Zum Beispill, een dee säi Führerschäin schonns ofgeholl krut an awer nees Auto fiert a sech alt nees de Batti stellt, fir mech dierft deen ni méi Auto fueren. Och net op Aarbecht oder soss fir Ausnamen, och kee Sursis oder eng Bagatelle vu Geldstrof soll et ginn, mä de Verbuet fir net nach emol aner Leit ze agresséieren.

Zum Schluss nach: Respekt fir jiddereen, deen dat mam Führerschäi si léisst, wann en erkennt, dass en net fir Auto fueren gebuer ass. Firwat net e stabillen Test aféieren, fir ze checken ob een iwwerhaapt capabel ass sech hannert d'Steier ze klemmen a mat anere Mënschen eens ze ginn? Well Autofueren ass vill méi wéi elo just dat Gefier do ze beweegen.