Maach emol méi lues!

De Roland Kalté mécht sech haut mol e puer Gedanken iwwert eis Welt déi ëmmer méi séier dréit:
Méi séier! Dajee, maach virun!
Tempo, Tempo. Alles muss hautdesdaags séier goen. Méi séier, ëmmer méi séier. Eis ganz Ekonomie, alles steet op Beschleunegung. Dalli, dalli.
Mee – keen Trend ouni Géigentrend.
Trëppelt een emol duerch d’Bicher-Regaler an de Bicher-Butteker, fält engem op, dass och d’Bicherbranche wuel dee „maach emol méi lues Trend entdeckt huet. Erëm zréck op e méi bewosst Konsuméieren vum Liewen. Fort vum méi séier, méi héich, méi wäit, mee méi Genoss. Sech Zäit huelen. Natierlech och alt erëm op anglizistesch – Slow up your life. Do fënnt ee Slow Tourismus a Slow Travel, Slow Life, Slow Living, Slow Christmas mat Slow Cooking, Slow Wine kann ee genéissen. Slow Food natierlech och. Slow Sex gëtt et, wahrscheinlech alles a Slow Motion. Duerno kann een esouguer eng Slow fëmmen.
Slow life, zréck op e bewosst Konsuméiere vum Liewen. Beweegung vun der Entschleunegung.
Vu slow work op der Aarbecht hunn ech just leider näischt fonnt. Déi maachen erëm bestëmmt net mat!