Langweilt iech dach méi!

Ass Langweil wierklech sou schrecklech? D'Josiane Hoffmann vu your-coach.lu mécht sech e puer Gedanken dozou

Wéi ech dës Lescht an e Wartesall erakoum, houngen di fënnef Leit, di do waren, konzentréiert iwwert hirem Smartphone. Ech hu mir du selwer den Challenge gestallt, weder mäin Handy nach eng Zäitschrëft an de Grapp ze huelen. De Bléck duerch d’Fënster op eng gro Mauer an d’dezent Observéiere vu deenen anere Leit hate sech séier erschöpft.
Ech souz einfach do an hu gewaart. Je, dat Ganzt war net spannend, a lues ass a mir e Gefill vu Langweil erop gekroch. E Gefill, wat ech schonns säit ganz laangem net méi hat oder vläicht einfach ënnerdréckt hunn. Mee dës Kéier hunn ech mech bewosst drop agelooss. An iwwert d’Langweil selwer nogeduecht.
Wann ee sou iwwerleet, huet Langweil mëttlerweil kaum nach Plaz an eiser Gesellschaft. An domat mengen ech elo di sporadesch Langweil. Also net Dauerlangweil, déi entsteet, wann een z.B. am Beruff permanent ënnerfuerdert ass. Déi Zort vu Langweil kann effektiv negativ Konsequenzen hunn. Se ka Stress ausléisen an zu engem „Boreout“ féieren - engem „Ausgelangweiltsinn“, dem Pendant vum Burnout also.
Mee wa sou geleeëntlech Langweil sech an eisem hektesche Liewe manifestéiert, versiche mir dach ganz heefeg, se direkt z’ëmgoen. Mir loossen eis vu blénkegen Apps op eisem mobile Gerät oflenken oder liesen den neiste Klaatsch op Facebook. Ass d‘Reunioun op der Aarbecht net grad prickelnd, schreiwe mir tëschenduerch wichteg Mailen, pëspere mam Noper oder knetzelen un eisem Planning. A sollte mir doheem och nëmmen eng Grëtz Langweil verspieren, gëtt et jo eis Hightechtëlee an den Netflixknäppchen. Bis och dat eis iergendwann langweilt.
A Groussbritannien beschäftegt sech eng Fuerscherin, d‘ Dr. Sandi Mann, ebe grad mat der Langweil. Der britescher Psychologin no ass déi nämlech e spannend Gefill. Se fërdert eis Motivatioun a Kreativitéit, andeems se eis Gedanke wanderen deet an eis dozou ureegt, eist Ënnerbewosstsinn z‘exploréieren.
An elo hoffen ech, datt ech iech net ze vill gelangweilt hunn. A wann dach, hat dir jo elo e bëssen Zäit, äre Gedanke fräie Laf ze loossen.