Zanter engem knappe Mount gëllen also e puer nei Reegelen am Code de la Route. Ënnert anerem muss jo tëscht engem motoriséierte Gefier an engem Vëlo beim Iwwerhuelen op d'mannst annerhallwe Meter Ofstand agehale ginn.

Jo, ech fueren Auto. Jo, ech fuere Vëlo. Kennen also, ewéi vill anerer och, béid Säite vun der Medaille. Déi Medaille, déi jo och béid Säiten sech ëmmer nees wëllen ëmhänken. Als Gewënner am Klengkrich op de Lëtzebuerger Stroossen, resp. op de sozialen Netzwierker oder am direkte Face-à-face um Staminet.

Wiem gehéiert d'Strooss? Fir mech ass se do fir alles, wat op 2, 4 oder méi Rieder ënnerwee ass. Woubäi d'Autobunnen an d'Vëlosweeër exklusiv fir hir respektiv Clientèle reservéiert sinn. An datt et Strecke ginn, op deenen een als Cyclist besser hätt sech net ze veriren, misst engem de gesonde Mënscheverstand normalerweis soen. An do hu mer en nees: dee vill zitéierten a leider dacks ignoréierte gesonde Mënscheverstand. Dee leider net jidderee vun eis mat op de Wee krut. Wat als Konsequenz huet, datt Gesetzer a Reglementer a Kraaft triede mussen déi fir kloer Verhältnisser suergen. Am Prinzip.

Et ass dach eng Selbstverständlechkeet, datt een e Vëlosfuerer mam Auto esou iwwerhëlt, datt kee seng an deem anere seng Gesondheet a souguer de Won keng Schréips riskéiert. Dat eenzegt, wat een eventuell bei esou engem Manöver verléiert, sinn e puer Sekonne vun der eegener wäertvoller Zäit. Well et nun mol e bësschen dauere kann, bis datt een am Trafic déi optimal Geleeënheet kritt, de Vëlosfuerer mam Mindestofstand a vläicht souguer nach e bëssche méi z'iwwerhuelen.

Ech war elo an der Lescht nawell e puer mol op 4 an op 2 Rieder ënnerwee. A mir ass opgefall, datt immens vill Chauffeuren sech déi nei Virschrëft zu Häerz geholl hunn an – erlaabt mer den Ausdrock – op Distanz ginn. Dofir: Respekt an en décke Merci. Ech hoffen, datt mir Cyclisten oder “Hobbyschlecken”, wéi mer jo dacks genannt ginn, eis an Zukunft grad esou verstänneg a respektvoll weisen, egal a wéi enger Situatioun.

Leider ginn et der ëmmer, déi et net verstinn oder wëlle verstoen. Mä dat si jo och déi, déi kee Winker umaachen, riets iwwerhuelen, keng Rettungsgaass loossen. Keen Aarm ausstrecken, ouni Luucht an der Däischtert pedaléieren, kee Casque ophunn.

Awer dat si mir jo net.