Leschte Mëttwoch ass de Staatssekretär Camille Gira op eng tragesch Aart a Weis am Alter vun nëmmen 59 Joer un engem Häerzinfarkt gestuerf. An hien ass nëmmen ee vu villen, déi hiren onermiddlechen Asaz vill ze fréi mam Doud bezuelen – de Camille Ney mécht sech dozou des Gedanken…

24/05/2018 Apropos: Liewen op der Iwwerhuelspur 12h50

Mir liewen op der Iwwerhuelspur. Alles muss séier an am beschte mateneen erleedegt ginn. Zäit ass Geld! D’Digitaliséierung, déi alles nach méi séier mécht, erhéicht den Drock op de Mënsch, deen net esou séier kann denken, wéi déi Maschinn, déi hie bedéngt. Fast food, fast track, convenience food, one-stop- oder Power-shopping… des englesch Wieder soen et schonn: et ass eng importéiert Kränkt! Déi ganz Welt dréint méi séier a kee ka se bremsen!

A Moies fänkt schonn alles schlecht un – mir lafen der Zäit hannendrun, reegen eis ënnerlech op, iwwer eis selwer oder iwwer d’Situatioun an där mir sinn! Déi Zäit, déi mir am Stau verléieren, kréie mir net méi agefaang, wat weider Damp op de Kessel gëtt. Mir leiden ënnert dem Drock, dee mir eis maachen an dee mir vun eiser Gesellschaft gemaach kréien. A wat ass d’Léisung? Zeréck rudderen, méi lues maachen? Auswanderen? Wann een a wäit Länner reest, ass een dacks jalous iwwer Leit, déi den Dag ouni Auer an an den Dag era liewen?

Net wierklech. Mir droen d’Verantwortung fir eis Kanner, hunn en decke Prêt op der Bank zeréck ze bezuelen an deels ass et einfach och nëmmen d’Rad vun der Zäit, wat eis dreift. Eng Aart Sucht, alles ze ginn an alles matenee wëllen ze maachen. Et wëll ee sech net agestoen, dass een dat net fäerdeg bréngt a Feeler si scho guer net erlaabt. Wéi de Camille Gira kommen ech och aus dem Réidener Kanton, an deem seng Gemeng Biekerech e Musterschüler ass fir Liewensqualitéit, gesond Wasser… eng gréng Long, a sech ideal fir erof ze kommen! De fréiere Buergermeeschter kann dovu grad esou wéineg profitéieren, wéi déi sëlleche Leit, déi mir Dag fir Dag an der Zeitung erëm fannen an déi dacks kuerz virun der wuel verdéngter Pensioun eng, wéi mer soen, gewéitscht kruten. Et ass ewéi Moies:  Du gëss ausgebremst op der Iwwerhuelspur vum Liewen !

An dann heescht et jo: “lauschter op Däi Kierper!” Gutt gesot, mee wann dee sech mellt, ass et dacks schonn ze spéit…