D’Erënnerungen maachen d’Liewe méi schéin, Vergiessen mécht et méi supportabel, sot den Honoré de Balzac. Vergiessen ass e ganz natierlechen an noutwennege Prozess. Et kann awer och scho mol schéi penibel sinn, mengt de Guy Seyler a sengem Apropos

Glécklecherweis kënne mir vergiessen. Vergiessen ass e wichtegen Aspekt vun eiser psychescher Gesondheet. Wien net lassloosse kann, wien ëmmer alles mat sech ronderëm schleeft, dee gëtt op d’Dauer krank.

Vergiessen ass och en natierleche Prozess. Eist Gehir kann ee mat engem Computer vergläichen. Fir datt de Späicher net voll gëtt, muss een heiansdo Saachen um Harddisk läschen.

Et kënnt awer och vir, datt ee Saache gespäichert huet, se awer net méi erëm fënnt. Dat ass dann den Alter, gëtt gesot.  D’Erënnerungsverméige léisst am Alter no.
Gehéiert dir och zu deenen, déi den Auto parken. Wann se 20 m wäit ewech sinn, ginn se nach eng Kéier hannescht kontrolléieren, ob en och zougespaart ass.
Oder dir stitt am Keller, wësst awer net méi direkt, wat dir elo hei ënne maache wollt.
Beim Auspaken vun der Akaafstut fält iech op, wat dir vergiess hutt.  
Et sollen der esou guer ginn, déi no enger Paus op der Autobunn weider fueren ouni hir Fra.
En allgemenge Problem am Alter schéngen d’Nimm ze sinn. Dir begéint e Kënnegen, awer wéi heescht dee scho méi ? Penibel, ech misst dat dach wëssen !
Do kënnt dir mol den Trick vun engem fréiere Politiker probéieren.
„Elo kommen ech net méi op däin Numm,“ sot hien zu sengem Vis-à-Vis. Wann deen dann houfreg mat sengem  Familljennumm geäntwert huet, huet de Politiker gelaacht a voller Iwwerzeegung gemengt: „Dat weess ech jo, mee wéi ass däi Virnumm scho méi !“  Dat huet ëmmer funktionéiert.

Et kann een den Ofbau vun eise Gehirzellen am Alter eraus zéien.  Manner Stress, duerfir méi Beweegung, sech net isoléieren an genuch Schlof si vu Virdeel.
Eng rezent  Etüde huet gewisen, datt Kakao dem Gehir op d’Spréng hëlleft. Wann dir e Séisse sidd, sollt dir deen Tipp net vergiessen.

An da kommen ech nach emol op dem Balzac säin Zitat zréck. Vergiessen mécht villes méi liicht. Geschwënn sinn erëm Walen. Wat do alles versprach gëtt. Vergiesst et !