Topeg Sendungen!

© rtl.lu
Vill Kabes leeft um Fernseh! Et sief, et muss ee jo net kucken. D'Marie Gales huet sech doriwwer awer seng Gedanke gemaach a gesäit dat ganz kritesch
AUDIO: Apropos Topeg Sendungen
Ech oute mech - ech kucke gär Tëlee. Kucken och villes, oder besser gesot zappe mech och duerch villes wat schlecht ass fir mol ze wësse wat et da gëtt. ''Schwiegertochter gesucht'', ''Adam und Eva'',''Bachelor'',''Verdachtsfälle'' op der franséischer an däitscher Tëlee... déi elle Lëscht ass onendlech. Dacks drécken ech séier weider op menger Tëleecommande, well ech mech schumme fir déi Leit, déi do sech hierginn fir bei sou engem Kabes derbäi ze sinn.
Déi leschte Woch war d'Final vun ''Germany's next Top Model by Heidi Klum'', X. Editioun. Natierlech polariséiert sou eng Sendung, déi eng maachen sech nach ëmmer Chagrin ëm déi Meedercher, déi näischt iessen an anerer fannen et einfach Quatsch. Fir mäi Fall, ech verstinn d'Konzept net richteg. Also dach! Mä de Grond vun där Hingersendung ass fir mech net no ze vollzéien.
Et gëtt jo e Gewënner, an deem heite Fall eng Gewënnerin gesicht. Mä am Fong ass et onwichteg wee schlussendlech do gewënnt. Och bei Gesangsshowen DSDS oder wéi se all heeschen, ass et net forcément deen, dee gewënnt, deen duerno grouss raus kënnt.
Also firwat sinn da sou Showen sou ugeluecht? Et gëtt wéi geckeg no deem enge Mënsch gesicht, d'Spannung gëtt enorm héich gehalen an duerno ass et dann awer egal. Well vun deene meeschte Gewënner héiert een duerno näischt méi.
Et geet, heescht et, just ëm d'Show, deen Ament..Carpe Diem...an wat duerno ass, dat schéngt net wichteg ze sinn.
Mä bleiwe mir bei GNTM! Wéi wäit si mir, dass e Mënsch applaudéiert kritt, just well e riicht aus geet? Hysterescht Klappen just well ee seng 2 Féiss iergendwéi gekonnt virunenee setzt? Wat fir e Message gëtt do vermëttelt? Dat eleng geet duer, dass ee gelueft gëtt?! Just dass een do trëppelt a probéiert e gescheiten Androck ze vermëttelen?! Méi muss e jonke Mënsch net bréngen? Näischt léieren, nëmme goen?!?
Ausser dass do e Gelähmten elo geheelt gi wier an nees goe kann, huet een och schonns mol an engem ale Buch gelies, kann ech net verstoen, firwat een do an Euphorie verfält, wéi elo de Supermodelexpert an där Sendung!?
Déi verzweiwelt Teenager, dacks um Enn mat den Nerven; wat e Gekräischs an Ëmäerbelen; si souwisou just Deko an d'Haaptattraktioun ass de Supermodel Heidi Klum. Den däitschen Teenie, deen et viru laanger Zäit no ganz uewen an där Branche gepakt hat an elo mat der Missioun ënnerwee ass, den Dram vun aneren Teenager och wouer ginn ze loossen: endlech an déi glamouréis Welt vu Supermannequinen eran ze kommen.
Dass do nach ganz aner vill Facteure matspillen an vill aner Mënschen mat Daum no uewen oder ënnen decidéieren, wéi den Hues do leeft, dat dierft och d'Heidi wëssen. Eng Sendung bei där ech just u Virféieren vu Mënschen denken, déi et net besser wëssen an sech dacks zum Clown maachen, hëlleft an dem haarde Business net vill virun.