Wéi de "Règlement général sur la protection des données" een un d'Raumen an d'Aussortéiere kritt, dat ass d'Thema am Christiane Kremer sengem Apropos vun haut.

Wat hunn ech eppes Bréiwer kritt an de leschte Méint a Joren! Bréiwer mat Neiegkeeten, op déi ech emol guer net gewaart hunn an déi ech och net vermësst hätt, wa se net komm wieren. Mä einfach esou koumen se jo och net bei mech.

Viru Joren hunn ech op engem Seminaire eng jonk Fra héiere soen: "Wann eng Informatioun fir mech wichteg ass, da kënnt se bei mech. Ech muss net dauernd duerno sichen". E Saz, deen ech nach ëmmer am Kapp hunn, well en esou einfach erkläert wéi eis Informatiounswelt sech an de leschte Joerzéngte geännert huet. Fréier hu mer all Dag d'Zeitunge gelies, Radio gelauschtert an Tëlee gekuckt an iergendwann och online Neiegkeete gelies fir eis z'informéieren. Haut gi mer direkt informéiert, wann Informatiounen do sinn, iwwer déi mer eis wëllen informéieren. Iergend e Push, fir dee mer eis ugemellt haten, fënnt eis ëmmer oder soss eng App, déi mer erofgelueden hunn oder e Social Media, iwwer dee mer ugeschriwwe ginn.

Eis Welt ass voller Informatiounen... an ebe Bréiwer mat Informatiounen, déi mer ëmmer nees geschéckt kréien. Newsletter vun dësem an deem Site, op dee mer eemol waren, oder vun dëser oder där Plattform, wou mer eemol aktiv goufen oder online eppes bestallt haten. An iergendwéi hunn déi een ni méi verlooss an een ëmmer nees informéiert. Meeschtens hunn ech se ouni z'iwwerleeë geläscht a vergiess. Bis déi nächste Kéier, wou se erëm komm sinn.

Zënter leschter Woch hunn ech elo mol ugefaangen ofzebauen. Meng Strategie ass einfach: si heescht RGPD, well aus Dateschutzgrënn muss ech jo elo gefrot ginn, ob ech dat nach wëll.

E bëssi erënnert et mech un de Kleederschaf raumen. Do gëtt et jo och d'Reegel: wat een zënter dem leschte Raumen net méi unhat, soll een aussortéieren.

Mat de ville Mailen an Newsletteren soll een et am Fong d'selwecht maachen, wa se net méi passen. Ob een dann eppes verpasst? Neen, well wann d'Informatioun fir mech wichteg ass, da fënnt se mech och... hat d'Madame gesot.

AUDIO: Apropos: RGPD oder d'Konscht vum Raumen