Preventioun/Repressioun/A zoudrécken

Firwat et déi Gebueter a Verbueter an eisem Code de la Route ginn, huet sécherlech e Sécherheetssënn. Ob jidderee se kennt, ass eng aner Gei.

http://perma.rtl.lu/a/1119727.mp3
En Trottoir ass reservéiert fir d’Foussgänger. Déi duerfen och e Vëlo nieft sech drécken, oder eng Schubkar, Kannerpoussette oder –Kutsch viru sech.
Den Zebrastréch, dee jo gezeechent ass mat dräieckegem Schëld mat Männchen drop, ass reservéiert fir d’Foussgänger an déi virdru scho genannten.
Sou wäit sou kloer.
Firwat et déi Gebueter a Verbueter an eisem Code de la Route ginn, huet sécherlech e Sécherheetssënn. Ob jidderee se kennt, ass eng aner Gei. Dass jidderee sech drun hält – oh Mamm.
Dës lescht zum Beispill ass ee mat sengem Vëlo um Trottoir gefuer. Net am Schrëtttempo, wat ee jo alt nach kéint verstoen. Nee, nee – hell ewech! Awer ganz hell ewech!
An du koum en Zebrastréch. An dee Borscht um Vëlo – wupp no lénks, driwwer, an déi aner Säit um Trottoir erëm grad esou flott weider.
Dee viischten Auto op der Strooss schéngt dee Kärel um Vëlo am A gehat ze hunn. Well en ass virum Foussgängerstréch stoe bliwwen, an huet en eriwwer gelooss. Deen hannendru war nawell zimlech ferm op d’Brems geklomme, fir net hannendrop ze rennen, well deen domat net gerechent hat. Wat jo och net verwonnerlech ass. Firwat och? Ech erënnere nach eemol drun, wie jo alles um Trottoir an um Zebrastréch duerf....
Verwonnerlech war éischter, dass deen éischten Auto e Police-Auto war.
Si hätte jo net onbedéngt deem 74 € mussen ofknäppen, dat ass nämlech den Tarif, well e gefuer ass, wou e näischt verluer hat, 2x esouguer, mee – en opklären wier awer vläicht net schlecht gewiescht. Well deen ass sech jo elo zimlech sécher, dass hie mat sengem Vëlo um Trottoir an um Zebrastréch richteg ass, Narrefräiheet huet, wann d’Police him jo esouguer iergendwéi derbäi hëlleft.
Hoffe mer, dass e muer net iergendeen um Trottoir iwwert de Koup rennt, oder en Autofuerer hien um Vëlo an um Stréch, um Zebrastréch.