FOMO

An engem Zeitungsartikel huet d‘Sandra Mélan eppes iwwer FOMO gelies. Dat ass keen neie Begrëff, dee gëtt et scho méi laang. Dat ass een Ausdrock deen lo ëmmer méi op kënnt an der haiteger Zäit.
Am Ufank wousst ech net wat et mat dem Begrëff op sech huet. Ech hu mir geduecht, schon erëm eng Ofkierzung. Där ginn et jo iwwerall. D‘Erklärung hunn ech als Lieser direkt kritt. Et ass näischt Ustiechendes! FOMO ass d‘Ofkierzung fir „Fear of missing out“, also d‘Angscht eppes ze verpassen. Am meeschten sinn déi Jonk dovunner betraff.
Si fäerten zum Beispill déi beschte Party ze verpassen, an hetzen dofir vun enger Party op déi nächst. Vläicht ass déi wou se net gin, “the place to be” op deem Owend. Jiddereen denkt mol wann en eppes kaaft huet, dat déi nächst Woch vläicht eppes méi Schéines, Perfomanteres op de Marché kënnt: sief et bei engem Handy, engem Auto oder aneren elektronesche Apparater. Awer dann beschäftegt een sech awer weider net méi mat deem Gedanken.
D‘Fro déi ech mir do stellen, muss een ëmmer dat Allernéitsten hunn? Gëtt et do net iergendwou eng Grenz oder ass e soss net „in“ respektiv gehéiert ee soss net zu der Gesellschaft? Sou Iwwerleeunge féiere scho weit, ze weit menger Meenung no.
Et brauch een och net op x Partyen ze goen. Et kann een sech och ameséieren wann een sech fir eng eenzeg decidéiert. Et kann een ni wëssen op et enzwousch anescht wierklech besser ass. Ech fannen et awer schued, wann een sech dowéinst ënner Drock setzt an net lieft, net genéisst a just ronderëm hëtzt.
Vu FOMO schwätzt een och, wann een op de soziale Medien iergendeppes net mat ze kréien. Natierlech hunn déi digital Medien hiren Deel do-zou bäigedroen. Et huet een d’Méiglechkeet iwwerall a permanent drop zréckzegräifen. Et liest een all Statusupdate vun de sougenannte Frënn, fir um neiste Stand ze bleiwen.
Et gin och Leit déi sech sou vill ënner Drock setzen duerch FOMO, datt si wierklech krank ginn: si ginn depressiv. Sou weit soll dat natierlech net ausaarten.
Et soll mei oft nom Prinzip „carpe diem“ liewen.