Reagéiert!

Am Noutfall ze hëllefen ass eng mënschlech Responsabilitéit. Esou wéi all Mënsch an eng Noutsituatioun komme kann, kann och jiddereen hëllefen. E puer Gedanken dozou vum Josiane Hoffmann vu your-coach.lu
Et gëtt jo oft gesot, an der Schoul sollt ee fir d’Liewe léieren. Abee, dëst Joer ass dat am richteg Sënn vum Wuert a ville Schoule geschitt. Dat am Kader vun der Campagne Réagis vum LRC (dem Luxembourg Resucitation Council) zesumme mam Unterrechtsministär. Ëm wat geet et bei där Campagne?
No engem Pilotprojet am Joer 2015 sinn am Ufank vun dësem Schouljoer e Grupp Mataarbechter vun all Lycée hei am Land forméiert ginn. Si hunn di adequat Geste geléiert, fir am Fall vun engem plëtzlechen Häerzstëllstand d’Zäit z’iwwerbrécken, bis de SAMU kënnt.
Als Multiplicateure brénge si de Jonke vu 6e, 4e an 2e di liewenswichteg Schrëtt bäi. Di dräi wichtegst sinn di heiten: den 112 ruffen, d’Häerz masséieren, d’Häerz am Fall vu Kammerflimmern mat Hëllef vum Defibrillator nees an de Rhythmus kréien.
Di Initiative ass immens wichteg a méi wéi luewenswäert. Obwuel Lëtzebuerg sou en héichentwéckelt Land ass, iwwerliewe vu 400 Betraffener am Joer just 3-4 Prozent den Häerzstëllstand. Wisou si mer am Verglach zu skandinavesche Länner sou schlecht do opgestallt? Ma eben, well di meeschte Leit net wëssen, wat maachen, wa se op eemol virun engem stinn, dee bewosstlos ass an net méi otemt.
Pro Dag hu mer hei am Land also ronn een Häerzstëllstand. Ech hat schonns Diskussioune mat Leit, déi soten, dat wier jo net wierklech vill a rette kéint een do och keen.
Abee, stellt iech emol vir, bei deem engen Häerzstëllstand géing et sech grad ëm Iech handelen. Oder ëm Äre Partner. Eent vun Äre Kanner, wat grad Sport mécht. Wat géingt Dir da soen? Wiert Dir dann net frou, wann iergendeen direkt reagéiere géing? Wann Dir doduerch wéinstens mol iwwerhaapt nach eng Iwwerliewenschance hätt?
A mengen Aen ass et net just un de Jugendlechen hei am Land, respektiv un de Leit aus dem Secours- a Gesondheetsberäich, esou liewenswichteg Gesten ze léieren. Et wier och un alleguerten eis Erwuessenen, eis di Schrëtt un ze eegenen.
Mir hunn Zäit, fir stonnelaang um iPhone ze hänken, also fanne mer sécher och eng Kéier ee Moment fir e klénge Cours, deen eis hëllefe kann, Liewen ze retten.
A wann duerch sou Moossname just eng eenzeg Persoun méi pro Joer kéint iwwerliewen, wier et dat net wäert?