Den Owend ass et esou wäit. Um 5 Auer eiser Zäit fänkt mam Match vum Organisateur Russland géint den Outsider Saudi-Arabien déi 21. Futtball Weltmeeschterschaft un.81.000 Spectateuren am Luzhniki Stadion zu Moskau an eng geschätzte Milliard virun den Televisiounsapparater wäerte live oder op Distanz mat derbäi sinn. Trotz villen negativen Aspekter freet de Guy Seyler sech op 4 Woche Futtball.

Ech héieren se schonn, déi vill Kregéiler.  Eng WM a Russland ass e Skandal. Argumenter hu si wäereg genuch:  d‘Krim,  Syrien, kauscher Presidentschaftswalen, d’Verletzung vun de Mënscherechter, den Ëmgang mat den Oppositionellen,  en „iertemlech“ ofgeschossene Passagéierfliger mat 298 Leit u Bord. A  souwisou si jo all Sportler an deem Land gedoppt..

Fir mech ass eng Weltmeeschterschaft awer nach ëmmer e sportlecht Evenement. Bal 1,3 Millioune Fans gi fir déi 63 Matcher an den 12 Stadien  erwaart. Déi komme fir flotten an interessante Futtball ze gesinn. An dee gëtt et elo ee Mount laang a Russland. Firwat do? Ma well d’FIFA op d’mannst esou korrupt ass wéi Russland. Geld decidéiert. A Geld huet d‘FIFA genuch.

Fir 2018 gëtt mat engem Benefice vun 1 Milliard Euro gerechent. Wann deemnächst 48 Länner fir d’Endphase zougelooss sinn, da mécht dat de Futtball net méi interessant, d‘ FIFA awer ëm  20 % méi räich. Steiere brauchen si keng ze bezuelen, well si jo offiziell e Club-Statut hunn.

Elo ze verlaangen, datt d’Spiller solle protestéieren, ass falsch. Si maachen hire Sport do, wou se higeschéckt ginn.  Fir Politik ze maache sinn si net do.

Ech wëll och keng Politiker op den Tribüne oder an de Vestiaire gewise kréien. Ech wëll einfach nëmme gudden a faire Futtball gesinn.  Ech freeë mech, wann en Outsider iwwerrascht. Wann Island, déi klengsten Natioun, mat hirem Huh de Stadion vibréiere  léisst.  Wann nei Talenter entdeckt ginn. Ech freeë mech, wann eis Belsch Noperen punkten. Wann d’Fransousen um Wues glänzen, an net duerch kleng Skandaler niewendrun. Wann England emol en Eelefmeter era kritt. Wann d’Zuschauer, Russen an Friemer, zesumme feieren. Wann den Terror an d’Hooligans dobausse bleiwen. Ech freeë mech, wann de Reporter net Béla Rhety heescht.