7 Minutten op 12 wor et souwäit, en ass also mol nach keng ganz Stonn al. De Summer ass elo ganz offiziell do.

E gëllt an eise Géigenden als déi beléifste Joereszäit, knapp virum Fréijoer. Jo, och bei mir ass de Summer an der Hitparade vun de Saisonen déi kloer Nummer 1.

Deen onvergiessleche Georg Danzer huet et 1977 a sengem Lidd “Elfie” mat dëse Wierder op de Punkt bruecht:

“... wenn der Sommer riecht nach Kinderfreibad, nach Teer und Benzin ...”

De Summer – ëmmer nach e Synonym fir Sonn a Vakanz, fir oppe Schwämmen, laang Grill-Owenter, kuerz Boxen an och mol en zolitt Donnerwieder. Där hate mer zwar dëst Joer scho genuch. An iwwerhaapt: Abrëll, Mee, Juni, déi typesch Fréijoersméint, déi an deene vergaangene Joeren klimatesch ëmmer nees an ëmmer méi dacks hirer Zäit schénge viraus ze sinn. Engersäits vermëttelen eis esou waarm Deeg, wéi mer se viru geraumer Zäit haten, eng gewësse Virfreed op dat, wat am Juli an August nach komme soll. Anerersäits seet ee sech dee Moment automatesch: da war et da wuel fir dëse Summer.

Mä ganz dovunner ofgesinn: Ech weess net, wéi et Iech geet – ech verbannen en ëmmer nach mat deenen zwee Méint Schoulvakanz, déi mer deemools kaum erwaarde konnten an déi awer esou eppes vu séier eriwwer gaange sinn. 9 Woche sinn et dëst Joer. Fir déi eng vill ze vill beieneen, fir déi aner … mä bon. Nach ass et jo net souwäit.

Elo waarde mer mol of, wien a Russland dee schéinste Football zelebréiert, wéi déi saudiarabesch Frae sech zu Riad, Mekka a Medina endlech an de Stroossentraffik abréngen dierfen, wéi eisen Tram viru kënnt a wéi se an der Tierkei wielen. Apropos: wann de Summer ieren an d'Waasser sollt falen a keng 30 Grad oder méi ze bidden huet ... da freeë mer eis alt op ee waarmen Hierscht.