De gudden Drot zum Noper

Am Apropos vun haut mécht d'Bea Kneip sech esou seng Gedanken ëm ronn Bäll, héich Maueren a gutt Noperschaft.
Zënter bal enger Woch kuckt d'ganz Welt op Russland. War et en Eelefmeter oder war et keen, hätt een dofir wierklech misste giel ginn a wéi eng Equipen wäerten de 15te Juli zu Moskau an der Finale stoen? Alles Froen déi d'Mënschheet den Ament an Otem halen. Béis Zonge kéinte behaapten, dass dat a ville Länner déi beschten Zäit wier fir onpopulär Gesetzer duerchzeboxen oder Mesuren ze decidéieren déi den Awunner net onbedéngt ze gutt kommen. Et kuckt jo grad keen, während enger Futtball WM hunn d'Leit besseres ze dinn. Dat war scho bei den ale Réimer esou, an dat huet sech bis haut net geännert. Popcorn, Béier a Spiller, wat brauch ee méi? A jo, villäicht eng Grillparty mat den Noperen, virum Schlappekino op der Terrass, versteet sech. Dann ass een och direkt live mat dobäi, bei der grousser Party a Russland. Do ass et natierlech wichteg, dass ee gutt mat den Noperen eens gëtt, fir dass dat klappt mat der Organisatioun. A jo, fir d'WM 2026 solle jo 3 Noperen zesummen déi grouss Party schmäissen. Mexiko, Kanada an d'USA. Mä wat bedeit gutt Noperschaft? Nujee...den een oder aneren vun eis huet jo villäicht och en Drot ronderëm säi Gaart. Et kann ee sech jo ëmmer nach iwwert den Zonk ewech mam Noper ënnerhalen. Mä wien eng 12 Meter héich Mauer plangt, dee well sengem Noper villäicht ob subtil Manéier matdeelen, dass vu senger Säit kee Kontakt erwënscht ass. An dass en net wëlles huet iergendwellech Bäll déi eventuell iwwert d'Mauer kéinten a säi Gaart fléien, erëm zeréckzeginn. Dat mécht et dann awer nees schwéier fir zesummen e Futtballstournoi op d'Been ze stellen, vun enger WM guer net ze schwätzen...Mol kucken, wéi dat an 8 Joer ausgesäit, op d'mannst wäert bis dohinner beim Noper an der Mëtt eng aner Persoun d'Soen hunn. Et wier ze hoffen, dass deejéinegen sech net direkt beleidegt géif fillen, wann den am Norden villäicht e Wuert ze vill gesot huet. Dass e mat den Noperen aus dem Süde schwätze géif, aplaz ze maueren oder, nach méi schlëmm, de Sträit um Réck vu klenge Kanner auszedroen.
Well wat d'Noperen ugeet, do gëllt: besser e gudden Drot wéi eng héich Mauer!