Fake-Fashion - oder wat?

De Begrëff Fake-News ass zënter dem Untrëtt vum amerikanesche President Donald Trump net méi aus der Aktualitéit ewechzekréien. Wat net gefält ass Fake! Sou wéi villes vun deem wat hie selwer kommunikéiert och dorënner fält. Vläicht kënnt elo nach en neit Wuert derbäi. D'Christiane Kremer huet sech fir den Apropos vun haut emol "Fake Fashion" afale gelooss.
Neen, ech mengen domadder net illegal a bëlleg Kopië vun deiere Moudemarken an och keng schlecht gekleete Dammen an Hären an ech viséieren och keng Modell-Casting Showen. Mir ass dee Begrëff einfach esou an de Kapp komm, wéi ech lescht Woch de Reportage iwwer déi amerikanesch First Lady an hir gréng Jackett gesinn hunn. Et war där praktescher Parkae mat Kaputz een, déi een esou ganz onkomplizéiert kann undoen an dee sportlech a bequem wierkt an bei den Zweck vun der Visite passt, hunn ech mer nach geduecht. Also keng Tallekeschong a keen Designerkleed, mä en onopfällegem Outfit fir an eng Opfänkstruktur ze goen, wou illegal Immigrantekanner versuergt ginn. Déi Kanner, déi nach vrun e puer Deeg vun hiren Eltere getrennt goufen an dann elo mat hiren Elteren zesummen agespaart ginn, sou wéi de President et vun engem Dag op deen aner decidéiert an dann nees réckgängeg mécht. An do koum de Kommentar beim Reportage, datt grad déi Jackett dach fir Diskussioune wäert suergen. Wéinst engem moudesche Graffiti-Sproch hannendrop: "Mir ass et egal. An Iech?"
"Neen", sot direkt eng Spriecherin vun der First Lady, "Si hätt domadder näischt wëllen undeiten." "Dach", twittert hire Mann, "si hätt domadder sech un d'Fake-News-Medien adresséiert." An Amerika ginn et esouguer Leit, déi mengen d'Madame wéilt hirem Mann domadder soen, wat se vun him hält.
An et kann een ëmmer nach weider spekuléieren. Alles schéngt e politesche Message ze hunn. Ob mer wëllen oder net. Ob e politesch korrekt ass oder net. Ob en iwwerhaapt eppes ze vermëttelen huet oder net.
Ech froe mech just, ob een der Madame Melania net awer vläicht hätt sollen un d'Häerz leeën eng Jackett ouni Schrëft unzedoen. Mä vläicht ass dat hir Manéier ze zwitscheren. Vläicht ass et och e Message, datt déi gréng Jackett eng spuenesch (importéiert) Marque ass!
Mä bon, eis kann dat jo egal sinn. Oder?